Invité vun der Redaktioun (2. Juni)Claude Turmes, fréieren Energieminister

François Aulner
En Dënchdeg de Moien ass d'Energiekris Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Nom Ufank vum Ukrainkrich hat d'viregt blo-rout-gréng Regierung e Katalog u Mesurë mat de Sozialpartner ausgehandelt, fir den Impakt vun der Energiekris ofzefiederen.

4 Joer méi spéit widderhëlt d'CSV-DP-Regierung den Exercice mat ënnert anerem zwee groussen Ënnerscheeder: de Krich am Mëttleren Osten betrëfft de Pëtrol an domadder net direkt de Stroum an de Premier Luc Frieden huet scho kloergestallt, datt d'Zil net wier, d'Inflatioun ze bremsen.

Fir doriwwer ze schwätzen, ass de viregten Energieminister, de Claude Turmes vun déi Gréng eisen Invité vun der Redaktioun. Mir froen hien och wat hien zanter senger Walnéierlag gemaach huet a wat en zu de Virwërf un déi Gréng seet.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO