Deier Vakanz duerch CyberkriminellerWéi eng Hotel-Reservatioun zur Fal ka ginn

Pierre Weimerskirch
Eng WhatsApp-Noriicht kuerz virun der Rees. Eng Reservatioun, déi nach misst confirméiert ginn. An e Link, deen op den éischte Bléck legitim wierkt. Ech krut selwer déi Phishing-Attack, déi  aktuell eng Rei Clientë vun Hoteller kréien.
© PHILIP DULIAN/dpa Picture-Alliance via AFP

D'Vakanz ass gebucht. Den Hotel reservéiert. Alles souwäit gutt. An da kënnt eng Noriicht iwwer WhatsApp.

“Your booking is currently in a pending state and requires confirmation to remain active.“

D'Reservatioun misst confirméiert ginn, soss géif se verfalen. Dobäi e Link, eng Deadline vum Hotel, wou mir effektiv zum genannten Zäitpunkt an der Vakanz sinn a mäin eegenen Numm op meng privat Handysnummer.

Op den éischte Bléck wierkt alles korrekt, besonnesch well et sech ëm eng reell Buchung handelt. A genee dat mécht dës Masch esou geféierlech.

Fake-Message vun engem Hotel fir eng Reservéierung ze validéieren.
Fake-Message vun engem Hotel fir eng Reservéierung ze validéieren.
© Screenshot vum Handy

Op den zweete Bléck gëtt et méi kloer

D'Noriicht, déi ech krut, koum vun enger brittescher Telefonsnummer. De Link huet net op Booking.com oder op den Hotel verwisen, mee op eng onbekannt Internetsäit. Ech hunn direkt den Hotel kontaktéiert a krut bannent e puer Minutten e Retour.

“Ces messages sont frauduleux et ne sont pas envoyés par notre établissement.“

Den Hotel vun der belscher Plage schreift mir nach, ech soll net op e Link klicken nach perséinlech Donnéeë weiderginn an d'Noriicht direkt läschen. Gewarnt gouf ech net vum Hotel a krut nëmmen op Nofro e Retour.

“Ces messages font référence au portail de réservation en ligne de Lighthouse / Cubilis, qui gère les réservations effectuées via notre propre site web ainsi que celles provenant d'OTA tels que Booking.com et Expedia.”

Lëtzebuerger Horesca schonn de Weekend gewarnt

De Generalsekretär vun der Horesca, Steve Martinelli, huet RTL op Nofro confirméiert, datt der Federatioun mëttlerweil 15 Fäll vu Lëtzebuerger Hoteller gemellt goufen.

D'Horesca huet déi concernéiert Autoritéiten informéiert. Ausserdeem si Plaintë gemaach ginn.

An de bekannte Fäll hu sech d'Täter als Hotel-Mataarbechter ausginn a probéiert, u Kreditkaartendonnéeë vu Gäscht ze kommen.

Firwat d'Masch esou gutt funktionéiert

Dat Besonnescht un dëser “Campagne” ass, datt d'Affer tatsächlech eng Reservatioun gemaach hunn. An der Noriicht gëtt op eng reell Buchung Referenz geholl. Doduerch schéngt d'Demande op den éischte Bléck plausibel.

Den Informatiounen no, déi d'Horesca gesammelt huet, betreffen déi gemellte Fäll virun allem Hoteller, déi mat dem Reservatiounssystem Lighthouse/Cubilis schaffen. En direkten techneschen Zesummenhang konnt bis elo awer net confirméiert ginn.

D'Täter benotzen dobäi verschidde Weeër: WhatsApp, E-Mailen oder souguer de Messagerie-System vu Booking.com. A mengem Fall krut ech nieft engem WhatsApp-Message zum nämmlechten Ament och eng SMS.

Wéi erkennt een eng Phishing-Noriicht?

Och wann dës Noriichten ëmmer méi professionell ginn, ginn et e puer Alarmzeechen:

  • D'Noriicht kënnt vun enger onbekannter, auslännescher Nummer.
  • Et gëtt Drock opgebaut ("Är Reservatioun leeft of").
  • Et gëtt no Kreditkaart- oder Bankdate gefrot.
  • De Link féiert net op d'Säit vum Hotel oder op Booking.com.

Wat soll ee maachen, wann een sou eng Noriicht kritt?

  • Net op de Link klicken.
  • Keng Donnéeën aginn.
  • Den Hotel iwwer seng offiziell Kontaktdonnéeë kontaktéieren.
  • D'Noriicht läschen.
  • Am Zweiwelsfall de Fall mellen.

Krut Dir och esou Messagen oder sidd Affer vun esou enger Arnaque ginn, da kënnt dir mech gäre per Mail kontaktéieren: pierre.weimerskirch@rtl.com

Back to Top
CIM LOGO