Nodeems e Sonndegowend Mamer no Eelefmeterschéisse géint Wolz de Kierzere gezunn hat an domadder de Favorit aus der BGL Ligue an d'Éierepromotioun ofgestigen ass, war et e Méindeg um zweeten Duell tëscht engem Veräin aus der BGL Ligue an engem aus der Éierepromotioun. D'Kanecher, déi um leschte Spilldag duerch e Remis géint Mamer op d'Relegatiounsplaz gerutscht sinn, sinn dobäi op Walfer getraff, wat sech dogéint um leschte Spilldag duerch eng Victoire géint Beetebuerg op déi véierte Plaz an der Éierepromotioun katapultéiert huet.
An dësem Duell tëscht Kanech a Walfer kruten d'Spectateuren zu Beggen eng spannend Partie ze gesinn, an där Kanech an der éischter Hallschent déi besser Ekipp war, Walfer dogéint an der zweeter. No 90 Minutte stoung e leeschtungsgerechten 1:1 um Bou vum Match, wouduerch et an Verlängerung gaangen ass. Well an dëser kee weidere Gol gefall ass, huet d'Eelefmeterschéissen d'Decisioun misse bréngen. Do hat Walfer de längeren Otem a setzt sech mat 7:6 géint Kanech duerch. Domadder steigt d’Résidence Walfer an d’BGL Ligue op, wärend Kanech no engem Joer nees an d'Éierepromotioun muss.
1:0 Duarte (45'+1), 1:1 Da Silva (75')
Zu Beggen stoung den Owend fir béid Formatioune vill um Spill. Kanech ass gutt an de Match komm an huet direkt probéiert, fir d'Partie ze kontrolléieren. Walfer stoung an der Ufanksphas zwar nach relativ stabil, mee offensiv ass bei hinnen nëmme wéineg zesummegelaf. Kanech hat méi Ballbesëtz, huet de Ball roueg an den eegene Reie lafe gelooss an ëmmer nees probéiert, sech bis an de Walfer Strofraum ze kombinéieren. Esou ass och déi éischt gutt Aktioun op der Kanecher Säit entstanen. Den Aguiar huet et mat engem Schoss probéiert, deen de Walfer Golkipp De Paiva paréiere konnt. Kuerz drop huet den De Paiva nees gutt reagéiert, wéi eng Flank vun der rietser Säit geféierlech an de Strofraum komm ass. Walfer ass dogéint nëmme seelen no vir komm. Eng vun de wéinegen Offensivaktioune ass duerch de Monteiro zustane komm, deen aus ronn 20 Meter ofgezunn huet. Säi Schoss huet de Roulez am Kanecher Gol awer viru keng gréisser Problemer gestallt. An der Suite huet Kanech weider Drock gemaach a sech ëmmer nees an de Strofraum gespillt. Allerdéngs konnt déi Walfer Defense dacks nach am leschte Moment e Been oder e Kierper dotëscht setzen, soudatt déi Kanecher Chancen nach net zwéngend genuch waren.
Kuerz virun der Paus sollt Kanech dunn awer nach zouschloen. No engem Corner konnten déi Walfer de Ball net entscheedend klären, wouduerch e Gewurschtels am Strofraum entstanen ass. Am drëtte Versuch ass de Ball du beim Duarte gelant, deen aus kierzter Distanz net laang gezéckt huet an de Ball iwwer d'Linn gedréckt huet. Domadder ass de Favorit aus der BGL Ligue mat 1:0 a Féierung gaangen a mat dëser Avance ass et kuerz drop och op den Téi gaangen. Am grousse Ganze war d'Féierung fir Kanech verdéngt, well si méi aktiv waren, méi Drock gemaach hunn a sech déi besser Méiglechkeeten erausgespillt hunn. Walfer dogéint huet an der éischter Hallschent offensiv nach ze wéineg Akzenter gesat, soudatt si sech ferm hu misse steigeren, wa si de Match nach dréinen an domadder an d'BGL Ligue opsteige wollten.
Nom Säitewiessel huet Kanech am Ufank gekuckt, fir de Match ze geréieren. Walfer huet zwar probéiert, fir méi no vir ze spillen, mä am Opbauspill huet et weider un Tempo a Prezisioun gefeelt. Kanech stoung kompakt a koum iwwer Standarden ëmmer nees zu Méiglechkeeten. Esou ass de Laborie no engem Corner mam Kapp un de Ball komm, mee säi Versuch ass knapp iwwert de Gol gaangen. Mat der Zäit ass Walfer awer méi aktiv ginn. De Sow huet et aus dem Réckraum versicht, mä däitlech verzunn, an och e puer gutt a séier Kombinatiounen iwwer d'Säit no vir konnten net ofgeschloss ginn, well de Macedo an de Monteiro de Ball an der Mëtt knapps verpasst hunn.
An der 75. Minutt huet Walfer sech dunn awer fir hir Méie belount. No engem héije Ball huet de Macedo dat ronnt Lieder mam Kapp op den Da Silva verlängert, deen am Strofraum fräi stoung an am 1-géint-1 äiskal zum 1:1 ausgeglach huet. De Gol hat sech ugekënnegt, well Walfer an dëser Phas méi Drock gemaach huet, wärend bei Kanech ëmmer manner zesummegelaf ass. Nom Ausgläich ass de Match op bliwwen, mä béid Ekippen hu sech schwéier gedoen, sech nach déi decisiv Chance erauszespillen. An der Nospillzäit gouf et nach e puer Ofschlëss, mä weder Kanech nach Walfer konnt de Match an der regulärer Spillzäit entscheeden. Domadder stoung et no 90 Minutten 1:1, soudatt d'Decisioun an der Verlängerung fale misst.
An der Verlängerung ass de Match weiderhi ganz oppe bliwwen. Béid Ekippen hu probéiert, den decisive Gol ze fannen, mee keng wollt ze vill Risiko agoen. Kanech hat phaseweis méi vum Spill a koum virun allem iwwer Konteren zu Occasiounen. Allerdéngs goufen dës net propper ausgespillt, soudatt déi grouss Chance ausbliwwe sollt. Och Walfer hat nach d'Méiglechkeet, de Match ze entscheeden. Besonnesch de Monteiro Peti hat den 2:1 um Fouss léien, wéi hien am Strofraum fräi zum Ofschloss koum, de Ball awer nieft de Gol gesat huet. Op der anerer Säit huet Kanech weider probéiert, mä och si hunn déi lescht Prezisioun vermësse gelooss.
Well och no 120 Minutte kee weidere Gol gefall ass, stoung et weiderhin 1:1. Domadder huet d'Decisioun ëm den Op- an Ofstig am Eelefmeterschéisse misse falen. An dësem huet et 14 Eelefmetere gebraucht, ier datt eng Entscheedung fale sollt. Mä um Enn sollt Walfer de längeren Otem hunn a sech duerchsetze kënnen. Deemno geet et fir Kanech, genee esou wéi fir Mamer, no engem Joer BGL Ligue nees an d'Éierepromotioun, wougéint Walfer an der Saison 2026/27 elo an der héchster Klass untrieden dierf.