Police sicht no ZeienFalsche "Keefer" mécht falsch "Iwwerweisung" a fiert mam net bezuelten Auto fort

RTL Lëtzebuerg
Den 13. Dezember 2025 koum et zu Boufer zu engem Tëschefall, bei deem d'Affer ni seng Sue fir de "verkaaften" Auto krut.
© Police / RTL Grafik

An hirem Bulletin schwätzt d'Police am Fall vu Boufer vu "Vertrauensbroch". Hiren Informatiounen no hat sech de presuméierten Täter als Mataarbechter vun enger Garage ausginn, deen d'Auto vum Affer wollt kafen. Wärend der Ofwécklung vun dësem Kaf huet de gesichte Mann dem Affer dann och e Bild gewisen, datt sollt beweisen, datt hien d'Suen iwwerwisen huet. D'Geld ass awer ni beim Affer ukomm.

An deem Zesummenhang sicht d'Police elo no der Persoun, déi op der Foto, déi si matgeschéckt hunn, ze gesinn ass.

All d'Informatioune si fir d'Police vu Miersch ënnert dem (+352) 244 90 1000 oder per E-Mail op police.mersch@police.etat.lu.

Méi rezent, fir genee ze sinn dëse Méindeg an Dënschdeg huet d'Police dann nach gemellt, datt Saachen aus Autoe geklaut goufen. Eng Kéier war dat de Fall zu Bouneweg, wéi déi Onéierlech d'Fënster vum Gefier ageschloen hunn an e Laptop an e Kuerf geklaut hunn. Um Verluerekascht war zwar d'Fënster och ageschloe ginn, d'Police präziséiert awer net, ob eppes geklaut gouf. Präventiv Rotschléi, wéi ee sech dogéint schütze kann, fënnt ee bei der Police.

Back to Top
CIM LOGO