Buch vun der Woch"NSA" vum Andreas Eschenbach

RTL Lëtzebuerg
« NSA » ass als Hardcover op Däitsch bei Lübbe erauskomm

Mat « Das Jesus-Video » oder « Der Jesus-Deal » huet den Andreas Eschbach bewisen, dass hien net nëmme spannend Bicher schreiwe kann, mee och Meeschter ass vun der historescher Fiktioun. A sengem neie Roman « NSA » (geschwat N-S-Aaa an net N-S-éi), dee gréisstendeels während der Zäit vun der Muechtergräifung duerch d’Nazien an am 2. Weltkrich spillt, geet hien dovun aus, dass den Hitler a seng Akolyten deemools schonn Computeren haten, mat deenen se konnten d’Leit iwwerwaachen.

Mat « Das Jesus-Video » oder « Der Jesus-Deal » huet den Andreas Eschbach bewisen, dass hien net nëmme spannend Bicher schreiwe kann, mee och e Meeschter ass vun der historescher Fiktioun. A sengem neie Roman « NSA » (geschwat N-S-Aaa an net N-S-éi), dee gréisstendeels während der Zäit vun der Muechtergräifung duerch d’Nazien an am 2. Weltkrich spillt, geet hien dovun aus, dass den Hitler a seng Akolyten deemools schonn Computeren haten, mat deenen se konnten d’Leit iwwerwaachen. Mat NSA ass also net den amerikanesche Geheimsdéngscht gemengt, Lucien Czuga?

Wann den Andreas Eschbach déi dräi Buchstawen N, S an A als Titel fir säin neie Roman gewielt huet, da mengt hien domat net den amerikanesche Geheimdéngscht NSA, deen d’ganz Welt mat senge Computeren iwwerwaacht an den Internet op Stéchwierder duerchsicht, déi eng Gefor fir déi amerikanesch Intressien kéinte bedeiten. Neen, mat NSA ass d’Nationales Sicherheits-Amt gemengt, eng Administratioun, déi ënnert dem Keeser Wilhelm II gegrënnt gouf an déi mat hire Computeren, déi däitsch Bierger iwwerwaacht.

Jo, dem Eschbach senger neier historescher Fiktioun no goufen d’Computeren Mëtt des 19. Joerhonnert vun engem Englänner erfonnt a vun Däitschland no an no verbessert. Nom 1. Weltkrich, deen se jo verluer hunn, kruten déi Däitsch sämtlech Patenter ofgesprach an sou konnt sech déi Technologie weltwäit entwéckelen. Schonn an den 30er Joeren vum leschte Joerhonnert gëtt et nieft dem Däitschen Netz och e Weltnetz, d’Leit kucken de Fernseh an se telefonéiere mam Handy, oder villméi mam Vollekstelefon, dem Votel.

Et ass awer och d’Zäit vun der Muechtergräifung duerch den Hitler a vum 2. Weltkrich. An iwwerdeems d’NSA bis dee Moment nach ënnert dem Radar existéiere konnt, erkennen d’Naziën op eemol, wat fir formidabel Déngschter déi Administratioun hinne ka leeschten. Et muss een nämlech wëssen, dass d’Borgeld ofgeschaaft an duerch eng Zort Kreditkaart ersat gouf , mat där een alles akafe muss. Déi Akeef ginn allerdéngs, ouni dass d’Leit et wëssen, vun de Computere vum NSA registréiert. An esou wëssen déi genee, wéi vill Liewesmëttel jiddereen am Däitsche Räich an an deene besaate Gebidder keeft an esouguer wéi vill Kalorie pro Mount hien esou verbraucht. D’NSA kann also erausfilteren, ob eng Famill méi Kalorie verbraucht, wéi se eigentlech sollt an domat erausfannen, ob méi Leit am Stot wunnen, wéi offiziell do gemellt sinn. Bei enger Demonstratioun fir de Räichs-Führer SS Heinrich Himmler gëtt esou eng jiddesch Famill, déi zu Amsterdam vun Hollänner verstoppt gëtt, erausgefiltert : d’Famill Frank, an där hiert Meedchen, e gewësst Anne…

D’Helene Bodenberger, dat beim NSA Programmer schreift an duerch dat dës Famill gepëtzt gëtt, gëtt sech op eemol bewosst, bei wat fir engem verbriechereche System hatt ee klengt mä wichtegt Riedchen ass. A wéi säi Frënd, deen un der Ostfront kämpft, desertéiert an ënnertaucht, bleift him näischt anescht iwwreg, wéi him ze hëllefen. No an no gëtt et awer ëmmer méi geféierlech fir hatt, besonnesch och, well et sech an Uecht huele muss viru sengem Virgesetzten, dem Eugen Lettke. Dee benotzt seng Positioun am NSA scho jorelaang fir seng eege pervers Zwecker : hie filtert nämlech Noriichten aus dem Däitschen Netz eraus, wou jonk Fraen géint de Regime stänkeren oder de Führer erofmaachen, fënnt eraus, wou déi wunnen a konfrontéiert se domat. Schliisslech bleift deenen aarme Fraen näischt anescht iwwreg wéi mat him ze schlofen, fir net an d’KZ
ze wanderen…

Wat wier geschitt, wann… ? Mat dëser spannender Fro beschäftegt den Andreas Eschbach sech an deene meeschte vu senge Romaner. Am Fall vun « NSA » steet déi psychologesch Entwécklung vun senge Personnagen an d’Gewëssensbësser, mat deenen se dagdeeglech kämpfen, am Mëttelpunkt, sou dass de Lieser sech froe muss, wéi hien dann an esou Situatioune reagéiert hätt. An och seng Visioun vun enger totaler Iwwerwaachung duerch kriminell Muechten léisst Parallele mat hautdesdaags erkennen an een um Enn vun deene bal 800 Säiten iwwerleeën, a watfir Geforen déi heiteg technologesch an digital Entwécklung de Mënsch eng Kéier brénge kann.

Back to Top
CIM LOGO