Nei um Bichermaart"Spawecken" vum Jemp Schuster

RTL Lëtzebuerg
Den neie Roman vum Jemp Schuster spillt am fiktiven Dierfche Schëldref.
© Kremart Edition

Pressetext vu Kremart Edition:

Iwwer de Roman Spawecken:

A Schmadds hirem Päsch zu Schëldref steet den Ampeljong, en uralen Nëssert. A sengem Schiet geschéie ganz kuriéis Saachen. De Karel – am Duerf gëtt en de klenge Schmadd genannt – léisst sech aus Virwëlz eng Kéier vum Bam falen. En huet Chance, et geschitt em näischt, mee a senger Visioun huet eng schéi wäiss Fra en an engem groussen, sëlwerege Spaweck opgefaangen.

Déi Fra begleet e wéi e Gespenst duerch seng Dreem an duerch säin Alldag. Mat siwwenzéng Joer fält de Karel eng zweete Kéier vum Bam. Do geet et schif. E sëtzt fir de Rescht vu sengem Liewen am Rollstull a muss sech nei orientéieren.

An enger Wiedernuecht am Joer 1988 schléit de Blëtz an den Nëssert. Beim Opraume maachen se eng Entdeckung, déi Schmadds hir Familljegeschicht an en neit Liicht réckelt. Kann et sinn, datt dem Ampeljong seng Wuerzele bis an den Drëssegjärege Krich reechen? Huet déi mysteriéis Fra wierklech existéiert? A wie war si?

Am éischten Deel si mer beim Schmadd zu Schëldref an de Joren 1950 bis 1990. Den zweeten Deel hëlt äis mat an eng vun den däischtersten Zäiten aus der Geschicht. Am Drëssegjärege Krich, an de Jore 1630 bis 1648 a kuerz duerno, geschitt eppes an der Schmëdd, wat 350 Joer méi spéit nach ëmmer an deem Haus nowierkt.

© Bea Kneip

Iwwer den Auteur Jemp Schuster (*29.02.1948)

De Jemp Schuster ass bekannt als Acteur, Auteur, Kabarettist an Theaterregisseur. Hien huet Cabaretsprogrammer, Theaterstécker (ë.a. fir Fräiliichtspektakelen) a Kannertheater geschriwwen.

2020 ass de Roman Bluttsëffer bei der Imprimerie Centrale erauskomm, den éischte Band vun enger Familljesaga, déi 2021 mam zweete Band Ouereschlëffer ofgeschloss ginn ass. Fir Bluttsëffer krut hien de Lëtzebuerger Buchpräis a war fir de Servais-Präis nominéiert.

2023 huet de Roman Béischten bei Kremart Edition déi Success Story weidergefouert. Dofir gouf et de Publikumspräis beim Buchpräis an nees eng Nominatioun fir de Servais-Präis.

Och deen neie Roman Spawecken spillt am Duerfmilieu, do wou de Jemp Schuster sech doheem fillt. Och hei hëlt hien de Lieser mat an e fiktiivt Duerf, mee an zwou verschidden Epochen.

Spawecken
Text: Jemp Schuster
Lektorat: Myriam Welschbillig
Layout: Mediengestalter.lu – Sacha Heck
Drock: Imprimerie Centrale
© Kremart Edition S.à r.l., Lëtzebuerg 2026
ISBN 978-99959-39-55-7
344 Säiten, 25 Euro
www.kremart.lu

Back to Top
CIM LOGO