"Léa ou la Théorie des systèmes complexes"De "Prix Servais 2026" geet un den Ian De Toffoli

Kevin Kayser
Fir säi Buch "Léa ou la théorie des systèmes complexes" kritt den Ian De Toffoli de Servais-Präis 2026.
Collage vum Ian De Toffoli a sengem Buch "Léa ou la Théorie des systèmes complexes".
© RTL

Zanter 1992 geet de Servais Präis un dat signifikantst literarescht Wierk vum leschte Joer. De Präis ass mat 7.500 Euro dotéiert a gëtt vun enger onofhängeger Jury verdeelt. Dëst Joer ass de Präis un den Ian De Toffoli gaangen, dat fir säi Buch "Léa ou la Théorie des systèmes complexes".

D'Buch vum Schrëftsteller ass eng Mëschung vun Dokumentatioun a Fiktioun. Deen dokumentareschen Deel zeechent d'Geschicht vun enger mächteger US-amerikanescher Pëtrolsdynastie no an erfuerscht d'Zesummespill tëscht Industrie a Politik an deen nefasten Afloss, deen dëse komplexe System op eis Ëmwelt huet.

D'Figur vum Léa dogéint ass reng fiktiv. An enger Welt, déi duerch den ongebremste Klimawandel riicht an d'Mauer fiert, gesäit hat keng Zukunftsperspektiv méi a radikaliséiert sech. Gläichzäiteg muss hatt erkennen, dass hatt selwer en Deel vun dësem komplexe System ass. Am Februar 2025 hat den Ian de Toffoli an engem Interview iwwer säi Wierk geschwat. "Léa ou la Théorie des systèmes complexes" gouf dann och als Theaterstéck inzenéiert.

D'Buch vum Ian De Toffoli konnt sech an der Course ëm de Servais-Präis 2026 géint véier aner Auteuren duerchsetzen. Dës waren d'Amélie Vrla, de Guy Helminger an den Nico Helminger esou wéi den Tullio Forgiarini.

Am Jury vum Prix Servais 2026 souzen de Sébastian Thiltges (President), d'Fabienne Gilbertz, d'Danielle Igniti, d'Ludivine Jehin, den Henning Marmulla, d'Diane Neises, de Jérôme Netgen, d'Aimée Schultz an d'Tamara Sondag.

D'Schreiwes mam Iwwerbléck vun alle Gewënner.

Back to Top
CIM LOGO