
An dësem war et ëm d’Faite vum 20. Mee 2023 um Kommissariat am Gebai vun der Stater Gare gaangen. Ee Beamte soll e Mann, als Revanche fir eng Menace bei engem Asaz zwee Méint méi frei, an der Siichtzell geschloen hunn. Dono soll probéiert gi sinn, d’Affär ze vertuschen.
D’Vertriederin vum Parquet hat en Dënschdeg Prisongsstrofen tëscht 3 a 6 Joer fir déi 4 suspendéiert Poliziste gefrot. D’Urteel ass fir a knapp 2 Méint, de 25. Juni, virgesinn.
Di véier Affekote vun den Ugeklote ware sech eens, dass fir hir Mandanten e Fräisproch misst gesprach ginn. Wat um Owend vum Nuetsmarathon an der Stad am Mee 2023 an der Siichtzell vum Kommissariat genee geschitt ass, huet keng Kamera festgehalen. D’Aussoe vun de Beamten, déi do waren, sinn ënnerschiddlech. “Zum Beispill gëtt gesot, et ka just e Fauschtschlag gewiescht sinn. Mee mir hu wëssenschaftlech Artikele fonnt vun 2021, déi weisen, dass ee mat engem Handballeschlag ganz kloer ka ganz grav Gesiichtsblessuren ausléisen”, ënnersträicht den Affekot vum Haaptugekloten Thierry Hirsch. De Reproche vun der Tortur kéint hei op kee Fall zréckbehale ginn, well et ee kuerzen Incident gewiescht wier. De Krittär vu legitimmer Defense léich hei vir. Säi Mandant hätt wéilten e Schlag duerch den alkoholiséieren an drogéierte Mann ofwieren, dee sech och scho virdrun um Kommissariat aggressiv an opbrausend verhalen hat.
Nieft dem Polizist stoung den Ament vun de Faiten e weidere Beamten an där klenger Zell. Et wier esou séier gaangen, dass dëse guer net hätt kënnen agräifen, seet säin Affekot Maître Frank Rollinger. Säi Client hat vun dräi Schléi mat der flaacher Hand an d’Gesiicht vum Affer duerch den Haaptugeklote geschwat an engem Fauschtschlag an d’Säit. Freier hätten et ëmmer nees esou Plaintë wéinst Policegewalt op deem Kommissariat ginn, seet den Affekot. Mee säi Client wier ni involvéiert gewiescht an hätt an den zwee an engem hallwe Joer, wou en do geschafft huet, ni esou eppes gesinn. “Dee war bass erstaunt, wéi dat op eemol do lassgaangen ass. An ech, respektiv, mäi Mandant, ka mer och net virstellen, dass deen anere Beamten déi Intentioun hat. An do ass sécher einfach eng Kuerzschlussreaktioun komm, well d’Aarbechtsconditiounen extrem komplizéiert do sinn. Dat ass einfach aus dem Rudder gelaf. Wann ech d’Faiten objektiv kucken, ass dat a mengen Aen dat warscheinlechst”, ënnersträicht de Frank Rollinger. Et kéint een hei iwwer disziplinaresch oder moralesch Saache schwätzen, mee net iwwer penal Faiten.
D’Defense vum weidere Polizist, deen den Ament vum Virfall och am Büro mat der Zell war, huet drop verwisen, dass dat Ganzt och passéiert wier, wann hien deen Dag net do gewiescht wier. En plus wier de Mann guer net am Déngscht gewiescht, hätt schonn Alkohol gedronk gehat, a wier sengem Kolleeg einfach hannendru gedackelt. Schliisslech hätt hien op dëse gewaart, fir een Drénken ze goen.
Den Affekot vum deemools déngschteelste Polizist, deen e jonke Beamten ugewisen hat, Detailer an de Rapport dobäi ze schreiwen, ouni ze wëssen, wat passéiert ass, sot, säi Mandant hätt an engem schlechte Moment 3 Post-ite geschriwwen, déi hien haut géing bereien. Mee hien hätt weder sech, nach engem anere wëllen domat e Virdeel verschafen.
An hirem Schlusswuert hunn di Ugekloten nach eng Kéier alleguerten ënnerstrach, dass et hinne leed deet, wat passéiert ass. Den Haaptugekloten huet gesot, dass hien ni d’Absicht gehat hätt, een ze verletzen. Zwee Polizisten hunn d’Riichter och gebieden, un hir Famillen ze denken, déi scho vill wéinst der Affär duerchgemaach hätten. Een dovunner an e weideren hu sech och nach eng Kéier beim jonke Polizist entschëllegt, deen de Rapport huet musse schreiwen an doduerch bis haut bei anere Polizisten deels e schwéiere Stand huet. "Main Häerz blutt fir de Beruff a gläichzäiteg schummen ech mech. Ech war déi Zäit net op der Héicht, a kann et net réckgängeg maachen. Et deet mer leed", sou de Mann, deen de jonke Polizist ugewisen hat, Saachen an de Rapport ze schreiwen, ouni sech z’informéieren, wat wierklech passéiert war.