Kanner a JugendliteraturpräisEng Auszeechnung fir d'Déiere-Gedicht "Ech war gëschter am Zoo"

RTL Lëtzebuerg
D'Nora Wagener gewënnt de Kanner a Jugendliteraturpräis
© Bea Kneip

Pressematdeelung vum SCRIPT (Service de Coordination de la Recherche et de l'Innvovation pédagogiques et technologiques):

D’Nora Wagener gewënnt déi 4. Editioun vum Kanner- a Jugendliteraturpräis

Mat hirem Déieregedicht „Ech war gëschter am Zoo“ gewënnt d’Nora Wagener déi 4. Editioun vum Kanner- a Jugendliteraturpräis. De KJLP ass mat 1500 Euro dotéiert a mat enger Publicatioun verbonnen.

Dëst Joer goufe Virliesgeschichten a -gedichter fir Kanner aus dem Cycle 2 gesicht, déi vum Enseignant resp. der Enseignante an der Klass kënne virgelies ginn.

Nieft dem Präis huet de Jury nach véier weider Texter mat enger Mentioun ausgezeechent: „Ech kann dat eleng“ vum Nathalie Atten, „Meng Liblingssaach“ vum Jhemp Hoscheit, „D’Féli an d’Lumi“ vum Stéphanie Kieffer an „A mengem Apel“ vum Marc Weydert.

De Präis gëtt den 2. Juli am Kader vun der Finall vum Virliesconcours zu Esch-Uelzecht am Ariston iwwerreecht.

Am Jury waren: Luc Weis (President), Luc Belling, Sandra Da Silva Castanheira, Fabienne Gilbertz, Tonia Raus (exc.), Elise Schmit, Francine Vanolst

© SCRIPT

De Kanner- a Jugendliteraturpräis

D’Zil vum KJLP ass, d’Literatur op Lëtzebuergesch ze stäerken an d’Offer vu literareschen Texter op Lëtzebuergesch an de Schoulen ze fërderen.
De Präis gëtt vum SCRIPT organiséiert a gouf 2022 fir d’éischte Kéier ausgeschriwwen. Déi nächst Ausschreiwung ass am Hierscht 2026.

Back to Top
CIM LOGO