
https://www.instagram.com/ernsterbookclub/?hl=fr
https://www.instagram.com/ernsterbookclub/?hl=fr
D'Buch vum Februar kréie mir vum Gaëlle Lahmidi presentéiert, dat och déi franséich Seancë vum Ernster Bookclub leed.
Dëse Mount geet et em d'Buch vum Philippe Besson "Ceci n'est pas un fait divers".
Et ass e Roman, an deem hien eis déi schrecklech Geschicht vun zwee Kanner verzielt, déi fir ëmmer gepräägt sinn duerch de Feminizid vun hirer Mamm duerch hire Papp.
D'Geschicht fänkt u mam Léa, 13 joer, dat sengem 19 Joer ale Brudder urifft, well hir Eltere Sträit haten. Am Schock verzielt hat dem Brudder datt hire Papp d'Mamm erstach huet a fortgelaf ass. De Brudder, deen zu Paräis Danz studéiert, klëmmt an den nächsten Zuch fir senger Schwëster ze hëllefen.
De Philippe Besson erzielt d'Geschicht vun dëser gebrachener Famill: Den ufanks verspillte Charakter vun der Mamm, d'Perséinlechkeet vun dem op den éischte Bléck charmante Papp, an déi éischt schéi Stonne vun hirer Zäit zesummen.
Op dës Manéier deckt den Auteur d'Mechanisme vun der familiärer Gewalt op a schwätzt och iwwert d'Vertuschen an d'Ignoréiere wat, oft domat zesummenhänkt.
Den Auteur féiert eis och op d'Spuere vun der Enquête, vun den éischten Zeienaussoe bis zum Schlussuerteel. Virun allem gëtt en awer och onsiichtbaren Affer eng Stëmm, wéi dem Jong, der Duechter, an dem Grousspapp.
Et ass e Roman, deen ee beweegt, iwwert Mënschlechkeet, an eng Analyse vun der Gewalt géint Fraen, déi den Auteur zu senger Conclusioun féiert.
Dëst Buch war och de Sujet vum Ernster Bookclub vum Mount Februar. Wann Dir och gäre Bicher diskutéiert bei engem Téi oder engem Kaffi, kënnt Der dat am Ernster Book Club an der Belle Etoile. Och op Instagram.
Hei kënnt Dir d'Buch vum Mount Februar bestellen.
D'Buch vum Mount Februar bestellen
Sech fir den Ernster Bookclub umellen
Instagram vum Ernster Bookclub