
Wéi am Trafic-Info ze liese war, sinn hei e puer Gefierer net laanschtenee komm. Duerch deen Accident ware wärend enger gewësser Zäit all d'Spuere fir den Trafic gespaart. Viru 14:30 Auer ass awer nees eng opgaangen. Bis dohin hat sech e Stau vu 4 Kilometer forméiert.
Éischten Informatiounen no gouf eng Persoun beim Accident verwonnt.