LuxFilmFest200 vun iwwer 1.000 Filmer, déi agereecht goufen, sinn zeréckbehale ginn
Sophie Becker
Patricia Baum
Am Kader vun der grousser Ouverture vum LuxFilmFest huet eis d'Coordinatrice vum Festival verschidden Detailer verroden.
Ouverture vum Lux Film Festival (5.3.26)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
En Donneschdeg den Owend war d’Ouverture vun der 16. Editioun vum LuxFilmFest. An de nächsten néng Deeg ginn iwwer 200 Projektioune gewisen, déi an de verschiddene Kategorie lafen. 18 Filmer goufe fir d’Kompetitioun nominéiert an hunn de 14. Mäerz d’Chance, vun enger internationaler Jury zum beschte Film gekréint ze ginn.
D’Chiara Lentz, d’Programmatrice vum Lëtzebuerger Film Festival, erkläert um RTL-Mikro, datt ee ronn 1.000 Filmer erakrit huet, déi beim LuxFilmFest wollte matmaachen. A verschiddene Comitéen a mat professionelle Leit huet een dowéinst missten eng Preselektioun treffen. An engem vun de Comitéë gëtt sech méi mat den Documentaire beschäftegt, wärend deen anere sech op d’Fiktiounsfilmer konzentréiert. Zum Schluss huet een eben dës 200 Filmer erausgesicht an et ass ee mat der Selektioun ganz zefridden, esou nach d’Chiara Lentz.
Fir d'Ouverture vum LuxFilmFest: D'Coordinatrice verréit Detailer vum Festival
En Donneschdeg war d’Ouverture vun der 16. Editioun vum LuxFilmFest. An de nächsten 9 Deeg ginn iwwer 200 Projektioune gewisen, déi a verschidde Kategorië lafen
Weider Detailer zum LuxFilmFest an eisem Avant Papier
Avant Papier vum LuxFilmFest
Eng 200 Filmer gëtt an den néng Deeg vum Lëtzebuerger Filmfestival gewisen, wärend 18 vun dëser Wierker an der Kompetitioun mat dra sinn.