Krich am Noen OstenLuxair-CEO ass "immens houfreg", nodeems iwwer 200 Leit rapatriéiert goufen

Christophe Hochard
Ian Pocervina
Nodeems zwee Rapatriementsflich aus dem Noen Osten en Donneschdeg um Findel gelant sinn, huet de Gilles Feith vun enger grousser Koordinatioun geschwat an ënnerstrach, datt een houfreg wier, d'Lëtzebuerger a kuerzer Zäit a Sécherheet bruecht ze hunn – regulär Flich op Dubai wäert d'Luxair awer bis op Weideres net méi maachen.
Luxair-CEO ass "immens houfreg", nodeems iwwer 200 Leit rapatriéiert goufen
De Luxair-Generaldirekter Gilles Feith huet en Donneschdeg vun enger grousser Koordinatioun geschwat, fir Lëtzebuerger zréck aus dem Noen Osten ze bréngen.

Am exklusiven RTL-Interview live vum Findel huet de Luxair-Generaldirekter Gilles Feith en Donneschdeg den Owend ënnerstrach, datt een “immens houfreg” wier, als “kleng Lëtzebuerger Airline” ënnert deenen éischte gewiescht ze sinn, déi Bierger aus dem Noen Oste rapatriéiert hunn. Eng 100 Leit a sämtlech Departementer wieren involvéiert gewiescht, fir dëst a sou kuerzer Zäit op d’Been ze stellen, an och mat de Ministère gouf déi ganzen Zäit koordinéiert, sou de Gilles Feith weider.

D’Arrivée vun den zwee Volle wier emotional gewiescht, schonn eleng, well an der zweeter Maschinn siwe Bëbeeë mat u Bord waren, erkläert de Generaldirekter vun der Fluchgesellschaft – bei der Landung vum éischte Vol hätten d’Leit geklappt a “Vive le Luxembourg” geruff.

En Donneschdeg sinn zwee Fligere mat Lëtzebuerger, déi aus dem Noen Oste rapatriéiert goufen, um Findel gelant: um kuerz viru 14 Auer ass déi éischt Maschinn mat 97 Passagéier ukomm, déi zweet mat weideren 104 Passagéier, dorënner néng Kanner, um 18.30 Auer.

Regulär Vollen op Dubai bis op Weideres vum Dësch

De Luxair-CEO huet awer och gewarnt, datt d’Situatioun an der Regioun weider volatil bleift an et ëmmer méi komplizéiert gëtt, well een d’Risiken analyséiere muss an och Slotte fir d’Fligere fanne muss. Trotzdeem géing een am konstante Kontakt mat de Luxair-Clientë bleiwen, dat iwwer Whatsapp-Gruppen, sou de Gilles Feith.

Mat Bléck an d’Zukunft sot de Luxair-CEO, datt een dovunner ausgeet, e Freideg den nächste Vol mat Lëtzebuerger u Bord kënnen ze empfänken – Detailer wollt hien allerdéngs keng nennen. Wat déi regulär geplangte Vollen op Dubai ugeet, kéint een dës duerch de Krich bis op Weideres net méi ubidden, sou nach de Gilles Feith um RTL-Mikro. Am Oktober géing een d’Situatioun nei analyséieren.

Keng Fro vu Käschten, sou d’Yuriko Backes

Och d’Transport- an Defenseministesch Yuriko Backes war en Donneschdeg den Owend um Findel, fir déi éischt rapatriéiert Lëtzebuerger ze empfänken. Och si sot, datt eng enorm Koordinatioun néideg war, fir d’Lëtzebuerger – an och e puer EU-Bierger – sécher op de Findel ze bréngen.

D’Yuriko Backes bleift awer och besuergt ëm déi, déi nach an der Regioun festsetzen. Vill Leit hätten nuechtelaang net geschlof an et wier immens stresseg, net ze wëssen, wéi et viru geet.

Ugeschwat op d’Käschten, déi mat de Rapatriementer a Verbindung stinn, huet d’Yuriko Backes ënnerstrach, datt et hei ëm eng Investitioun a Lëtzebuerger an EU-Bierger géing goen. “Jo, dat wäert eppes kaschten”, sou d’Ministesch, déi dovun iwwerzeegt ass, datt d’Leit zréck bréngen eng absolut Prioritéit ass.

Back to Top
CIM LOGO