Visitt op MadridGroussherzoglech Koppel gouf am spuenesche Palais empfaangen

Lynn Cruchten
De Grand-Duc Guillaume an d'Grande-Duchesse Stéphanie si vun Donneschdeg op e Freideg fir eng Visitt zu Madrid.
© SIP

Spuenien a Lëtzebuerg hunn zënter Jorzéngten, jo souguer Joerhonnerten enk Relatioune mateneen. Iwwerdeems ëm déi 10.000 Leit mat spuenescher Nationalitéit am Grand-Duché wunnen, zitt et d’Lëtzebuerger virun allem fir Vakanzen an déi spuenesch Stied oder op d’Inselen.

Béid europäesch Länner verbënnt awer wäit méi. Dat hunn déi zwee Staatscheffen am Kader vun der Visitt zu Madrid ënnerstrach.

Groussherzoglech Koppel gouf am spuenesche Palais empfaangen
De Grand-Duc Guillaume an d’Grande-Duchesse Stéphanie si vun Donneschdeg op e Freideg zu Madrid.

De spuenesche Kinnek Felipe huet un 2014 erënnert, wéi hien a seng Fra häerzlech zu Lëtzebuerg vum Grand-Duc Henri an der Grande-Duchesse Maria-Teresa empfaange goufen. Deemools hätte si och d’Geleeënheet gehat, dem deemolegen Ierfgroussherzog Guillaume ze begéinen.

Deen huet sengersäits en Donneschdeg beim Mëttegiessen am spuenesche Palais a senger Funktioun als neie Lëtzebuerger Staatschef d’Visitt vu sengem Grousspapp Jean am Joer 1980 a Spuenien ervirgehuewen: “Deemools huet hien iwwert d’EU-Bäitrëttskandidatur vu Spuenien geschwat an déi kloer Ënnerstëtzung vu Lëtzebuerg. Hie sot, de Bäitrëtt vu Spuenien géif Europa politesch, ekonomesch a kulturell beräicheren.”

Haut kéint een, wat Spuenien als EU-Member betrëfft, vun enger Erfollegsgeschicht schwätzen: Spuenien a Lëtzebuerg géife gemeinsam Wäerter verbannen a mat dëser Visitt zu Madrid kéint een och allgemeng d’Zesummenaarbecht an déi wirtschaftlech Partnerschaft stäerken.

“Dräi Ministeren, zoustänneg fir Handel, Finanzen, Wirtschaft an Energie, begleeden eis bei dësem Besuch a weisen domat den Engagement vu Lëtzebuerg, fir eis Relatiounen ze verdéiwen”, sou de Groussherzog.

Déi dräi Ministeren, zesumme mat Wirtschaftsvertrieder an dem Grand-Duc Guillaume, goufen en Donneschdeg och nach vum spuenesche Premierminister Pedro Sanchez an duerno den Deputéierten am Parlament empfaang.

Op déi politesch an ekonomesch Interêten am Kader vun dëser Visitt gi mer e Freideg de Moien um Radio an owes op der Tëlee méi konkret an. E Freideg ginn et op eisen RTL-Plattformen och Andréck vun der Receptioun, déi d’Lëtzebuerger Ambassade hei zu Madrid en Donneschdeg den Owend offréiert huet.

Back to Top
CIM LOGO