En Donneschdeg am NomëttegNéng Blesséierter am Stroosseverkéier bannent emol net zwou Stonnen

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg am Nomëtteg goufe ganzer néng Leit am Stroosseverkéier blesséiert, dat tëscht 14.50 an 16.20 Auer.
Op der B7 hat et géint 15.20 Auer a Richtung Norde geknuppt. D’Strooss war kuerzzäiteg gespaart.
© Domingos Oliveira / RTL

Een éischten Accident gouf et ëm genee 14.53 Auer op der A4 a Richtung Esch, op der Héicht vu Lalleng/Lankelz. Dräi Autoe waren hei am Coup, esou datt Ambulanze vu Beetebuerg a Suessem/Déifferdeng op d’Plaz koumen, fir sech ëm déi zwou blesséiert Persounen ze këmmeren.

Als nächst huet et dunn op der B7 a Richtung Fridhaff geknuppt, dat tëscht Schieren an Ettelbréck. Ee Camion war géint 15.22 Auer hei an een Auto gerannt. Zwou Persoune goufe blesséiert an nieft dem SAMU vun Ettelbréck waren och nach zwou Ambulanzen aus der Nordstad op der Plaz.

Op der B7 hat et géint 15.20 Auer a Richtung Norde geknuppt. D’Strooss war kuerzzäiteg gespaart.
© Domingos Oliveira / RTL

Zu Märel gouf géint 15.40 Auer um Boulevard Marcel Cahen dann nach eng Persoun ugestouss. Eng Ambulanz aus der Stad war op der Plaz.

Véier Autoe waren dann nach op der A7 a Richtung Fridhaff an een Accident verwéckelt, dat géint 16.20 Auer tëscht dem Gréngewald an dem Waldhaff. Véier Leit goufe blesséiert an et ware Secouristen aus der Stad an vu Iechternach do.

An der Mëttesstonn hat zu Hamm am Rond-point Robert Schaffner dann och nach een Auto gebrannt, ma hei gouf kee blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO