
Eng Maschinn, déi vun Air France an d’Vereenegt Arabesch Emirater geschéckt gouf, fir franséisch Staatsbierger auszefléien, huet um Wee dohinner missten ëmdréinen. An der Regioun, an där de Fliger, deen zu Paräis gestart war, sollt landen, war Rakéitebeschoss festgestallt ginn.
De Fluch “deen eis Landsleit an déi Vereenegt Arabesch Emirater sollt siche goen, war dësen Owend gezwongen, wéinst dem Beschoss vun Rakéiten an der Zon ëmzedréinen”, huet de franséischen Transportminister Philippe Tabarot matgedeelt. D’Situatioun géif weisen, wéi instabil et an der Regioun ass a wéi Komplex Aktioune sinn, fir Leit aus der Geforenzon ze evakuéieren, esou de Minister weider. “Mir sinn eis Bewosst, wéi eng berechtegt Erwaardungen eis Landsleit op der Plaz hunn, awer just wann d’Sécherheetsbedingunge garantéiert sinn, kënne mir si zeréckbréngen”.
De Minister huet nach präziséiert, datt keng Passagéier um Bord vun der Maschinn waren. De Fliger war just op Dubai ënnerwee, fir Leit zeréckzebréngen.
Air France huet dëst och confirméiert. An engem Message heescht et, datt de Vol AF4190, dee vum Charles de Gaulle op Dubai fléie sollt, huet missten ëmdréinen.