An der Zäit vum StreamingKinoskultur zu Lëtzebuerg - Wéi geet et eise regionale Kinoen?

Julie Thilges
Nieft Streaming-Servicer an internationale Kinos-Chaînë ginn et déi regional Kinoen — dacks méi kleng, ma och méi heemlech.
Kinoskultur zu Lëtzebuerg - Wéi geet et eise regionale Kinoen?
Nieft Streaming Servicer an internationale Kinos-Chaîne ginn et déi regional Kinoen.

Zu Lëtzebuerg ginn et eng Rei regional Kinoen, 8 sinn Deel vu Cinextdoor. Dorënner och de Kulturhuef zu Maacher: Seng Besonneschkeet ass, dass en aus Kino, Musée a Bistro besteet. Scho viru senger Inauguratioun am Joer 2000 war dës Kombinatioun geplangt, awer nëmme rar géifen d’Visiteuren déi dräi besichen, erkläert d’Monika Jakobs, Coordinatrice Générale vum Kulturhuef.

“Et ass éischter esou, dass een de Musée mam Bistro verbënnt, oder de Kino mam Bistro verbënnt. Awer et ass wierklech seelen, dass mir et och matkréien. Ech hat et emol matkritt, am Kader vum Luxembourg Museum Days, wou een am Musée war, dann och nach gefrot huet, well en déi éischte Kéier am Kulturhuef war, wou dann eise Kino wier.”

Virun allem Familljesessioune géife gutt ukomme bei de Leit a wiere gutt besicht.

Nieft der Konkurrenz vu Streaming an internationale Kinos-Chaîne géif et de regionale Kinoen awer gutt goen, an de leschten 10 Joer sinn der esouguer bäikomm, esou de Pit Marmann vu Cinextdoor.

“Do muss ee fir d’éischt ernimmen, dass de Ciné Scala zu Dikrech, dee Member bei eis ass, 2017 eréischt nei opgemaach huet. Also dat ass e fuschneie Kino mat 5 Säll, also och kee klenge Kino. Ee Joer dono huet de Kinoler opgemaach zu Koler, 2018 war dat, an dat huet eis natierlech och immens gehollef am Developpement vum ganze Grupp.”

Den eelste Kino vu Lëtzebuerg

Een anere regionale Kino ass de Kursaal zu Rëmeleng, dee schonn zanter 1908 besteet, an domat den eelste Kino vu Lëtzebuerg ass. Ufanks war de Sall fir Feieren an Opféierunge geduecht, ier en an e Kino ëmgewandelt gouf. Uganks waren et ëm déi 400 Plazen, déi dono op 123 Sëtzplaze reduzéiert goufen, fir dass d’Leit méi Confort hätten. Iwwert d’Joren huet de Kursaal déi ganz technesch Evolutioun matgemaach, ugefaange mam Stummfilm, dono den Tounfilm an den 30er Joren, an dunn de Faarffilm.

Dass d’regional Kinoe Konkurrenz hunn, wier awer näischt neits.

“Dat éischt ware wuel d’Televisiounen, dono ass komm wéi d’Leit mobil gi sinn, wéi all Stot en Auto hat, a sech konnt ausserhalb vun der Uertschaft beweege fir sech z’ënnerhalen. Dono sinn d’Videokassette komm, dann DVDen, an dann de Streaming. Et huet alles sech iergendwou bemierkbar gemaach, dass awer, déi grouss Mass vu Leit, dass et der manner ginn si mat der Zäit.”

Scho véier Generatiounen ass de Kursaal an der Famill Massard, soll awer net méi vun der Famill weidergefouert ginn, déi aktuell no enger Ofléisung sicht.

Back to Top
CIM LOGO