"Sollen ewechbleiwen"Trump refuséiert Hëllef vun der Nato bei Strooss vun Hormus

AFP, iwwersat vun RTL
Elo, "wou d'Situatioun an der Strooss vun Hormus gestoppt ass", hätt d'Nato dem US-President Hëllef ugebueden.
US-Präsident Donald Trump hat eine Hilfe der Nato bei der Sicherung der Straße von Hormus abgelehnt. Er erklärte zudem, der Iran werde die Meerenge "nie wieder" blockieren.
© AFP

Den US-President Trump huet d’Hëllef vun der Nato bei der Sécherung vun der Strooss vun Hormus refuséiert. “Elo, wou d’Situatioun an der Strooss vun Hormus gestoppt ass, hunn ech en Telefon vun der Nato kritt, ob mir Hëllef brauchen”, schreift den Trump e Freideg op senger Plattform Truth Social. “Ech hunn hinne gesot, si sollen ewechbleiwen, ausser, si wéilten einfach nëmmen hir Schëffer mat Pëtrol belueden.”

D’Nato wier “notzlos” gewiescht, wéi si gebraucht gi wier, schreift den Trump a kritiséiert d’Verdeedegungsallianz op en Neits als “Pabeiertiger”.

Net sécher war, ob den Trump tatsächlech d’Nato gemengt huet oder eenzel Nato-Memberstaaten. E Freideg haten an der franséischer Haaptstad eng 30 Staats- a Regierungscheffen iwwer en internationalen Ersatz fir d’Sécherung vun der fir de Pëtrolshandel wichteger Strooss vun Hormus beroden. Bei der Entrevue waren ënnert anerem de franséische President Macron, de brittesche Premier Starmer an den däitsche Bundeskanzler Merz dobäi.

Nom Treffe sot de Starmer, Groussbritannien a Frankräich géingen e multilateralen Asaz fir d’Sécherung vun der Strooss vun Hormus leeden, “esoubal d’Ëmstänn et zouloossen”. Méi wéi eng Dose Staaten hätten eng Ënnerstëtzung zougesot.

D’Relatiounen tëscht den USA an aneren Nato-Staaten huet am Kader vum Iran-Krich massiv gelidden. Vill Europäer gesinn d’Virgoe vum Trump an der Regioun immens kritesch. Den US-President huet den Nato-Partner dogéint e Manktem un Ënnerstëtzung reprochéiert.


Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO