De Lëtzebuerger Klimasozialplang setzt op zwou Approchen: finanziell Entlaaschtunge fir Käschten opzefänken a Mesuren, déi d’Ëmklammen op méi nohalteg Léisunge vereinfachen. Fir Lëtzebuerg stinn dofir all Joer ronn 230 Milliounen Euro zur Verfügung. De Wirtschaftsminister Lex Delles:
“De Plang besteet aus Mesuren, déi op där enger Säit d’Käschte vu fossillen Energië kompenséieren an op där anerer Säit, d’Stéit an d’Mikroentreprisë weider begleet fir kënne mëttel- a laangfristeg dobäi hëllefen, manner ofhängeg ze ginn a selwer och méi resilient kënnen ze ginn.”
Nieft existenten Mesuren, wéi dem Steier-Kredit oder der Energieprimm, solle virun allem nei, méi cibléiert Hëllefen dobäi kommen. Besonnesch am Beräich Mobilitéit gëtt aktuell un engem soziale Leasing-Modell fir Elektroautoe geschafft, deen den Accès zu klimafrëndlecher Mobilitéit soll vereinfachen. Ee Leasing social soll och fir d’Wärmepompelen a Photovoltaik-Anlage kommen. De Louis Bleser vum Ëmweltministère:
“Mir wollten eis inspiréieren un der Etude, déi zum Leasing social automobile gemaach ginn ass, an doraus léieren, a wann dee System bis en place ass, méiglechst iwwerdroen ze kënnen op Wärmepompelen a PV-Anlagen.”
An engems gëtt och op aner Beräicher gesat. De Modell vum Pre-Finanzement vu Solaranlage soll op Elektroautoen a Wärmepompelen ausgebaut ginn. De Klimabonus Mobilitéit gëtt verlängert, an iwwer en “Droit à la borne” soll et méi einfach ginn, Luedstatiounen an Appartementshaiser z’installéieren. Och am Beräich Wunne bleiwe Mesuren erhalen: De Klimabonus Wunne gëtt bis 2030 verlängert an et gëtt u Léisunge fir eidel Wunnenge geschafft, esou de Lex Delles.
“Hei wäert en Appel à projet bei de Proprietäre mat eidelstoenden oder renovéierungsbedürftege Wunnenge lancéiert ginn. De Staat iwwerhëlt hei een Deel vun de Käschten, ënnert der Konditioun, an dat ass ganz wichteg, dass d’Wunneng engem Bailleur social fir eng länger Dauer zur Verfügung gestallt soll ginn.”
Net nëmmen d’Stéit, mee och kleng Betriber stinn am Fokus. Fir si sollen administrativ Barrièren ofgebaut ginn, an et sinn zënsfräi Prête virgesinn, fir Investissementer an nohalteg Léisungen ze erliichteren.