
Erzielt gëtt ronderëm d’Joer 1991, wéi de Michael Schumacher bei Jordan onverhofft zu sengem Debut an der Kinneksklass vum Motorsport komm war. Hannert dem Film “The Kaiser”, deen tëscht 20 a 25 Minutte laang soll sinn, stécht kee grousse Filmstudio. De bulgaresche Regisseur Lubo Marinov seet, et wier en Häerzensprojet, deen d’Grondlag wier fir en zukünftege Film, deen d’Geschicht vum Schumi sengen Ufäng an hirer ganzer Breet erziele soll.
“The Kaiser” erzielt vum Michael Schumacher sengem Opstig a vun historeschen Ereegnisser, déi eng Legend gepräägt hunn, sou déi Responsabel vum Film weider. Um Enn soll de Spectateur de Michael Schumacher net nëmme verstoen - si sollen d’Gefill hunn, hi selwer ze sinn, sou de Marinov. Fans hunn d’Méiglechkeet, de Projet finanziell z’ënnerstëtzen.
Wat d’Famill Schumacher an d’Formel 1 zum Projet soen, ass bis ewell nach net gewosst. Firwat de Film den Titel “The Kaiser” dréit, bei deem een eigentlech éischter un de Franz Beckenbauer denkt, gëtt och net erkläert. Et kéint awer doru leien, dass de Schumi an Italien alt als “roude Keeser” bezeechent ginn ass.