NUREMBERG spillt tëscht 1945 an 1946 a weist, wéi déi héchst Vertrieder vum Naziregimm viru Geriicht gestallt ginn. De Film konzentréiert sech virun allem op de Prozess selwer an op d’Treffen tëscht dem Hermann Göring an engem amerikanesche Psychiater.
Wat um Pabeier no enger staarker an néideger Prämiss kléngt, reveléiert sech um Ecran awer als eng laang an zéi Erzielung. Duerch d’staarkt Kierze vun der historescher Zäit geet vill vun der Bedeitung vun dësem aussergewéinleche Prozess verluer.
Dësen akademesch ugeluechten, historeschen Drama dréit zwar grouss moralesch Froen a sech, mee dës ginn ni wierklech verdéift. D’Dialogen dréine sech dacks am Krees, an d’Dynamik tëscht dem Rami Malek an dem Russell Crowe bleift iwwerraschend fad. Och hir psychiatresch Entrevuë ginn ni wierklech méi wäit wéi de puere Klischee. De Prozess selwer geet där selwechter monotoner Dramaturgie no, an de Choix, dës zwee grouss Hollywood-Staren an d’Haaptrollen ze setzen, verstäerkt d’Kredibilitéitsproblemer vum Film.
Et fält schwéier, iwwert d’Fassad vun de Schauspiller erauszekucken n sech deemno op déi historesch Realitéit anzeloossen.