An IF I HAD LEGS I’D KICK YOU dreift d’Realisatrice Mary Bronstein dësen Zenario op d’Spëtzt a rappt eis mat an een Albdram aus Angscht, Scholdgefiller an Iwwerfuerderung.
No engem massive Waasserschued an hirem Appartement muss d’Linda mat hirer kranker Duechter an engem Hotel liewen. Wéi d’Aussiichten op eng zäitno Heelung vum Kand sech verschlechteren an d’Reparaturen doheem net viru ginn, gëtt den Drock op d’Linda ëmmer méi grouss. Weder hire Mann, dee berufflech am Ausland ass, nach hire Psychotherapeut dee keng Empathie weist, sinn dobäi eng wierklech Ënnerstëtzung. Well si selwer och Therapeutin ass, huet si zousätzlech d’Chargë vun hire Patienten ze droen.
“If I had legs I’d kick you” ass eng extrem intensiv däischter Komedie iwwer d’Roll vun enger Mamm, bei där d’Protagonistin, genee wéi d’Spectateuren, bis un hir äusserst Belaaschtungsgrenze gedréckt ginn. Déi konsequent Kameraféierung vum Mary Bronstein, déi meeschtens ganz no um Linda dru bleift, léist een déi mental Charge vum Personnage hautno materliewen. D’Rose Byrne, déi fir dës Haaptroll eng Oscarnominatioun kritt huet, féiert een dobäi gekonnt duerch déi komplex Gefillswelt vum Linda, där hir Geschicht wuel keen onberéiert däerft loossen.