Album-ReviewAbstract Rapture – Ascension To Downfall (9/10)

David Wagner
Mat "Ascension To Downfall" melle sech d’Lëtzebuerger Metal-Titane vun Abstract Rapture no siwe Joer Paus zeréck.
© Luc Deflorenne

Mat “Ascension To Downfall” melle sech d’Lëtzebuerger Metal-Titane vun Abstract Rapture no siwe Joer Paus zeréck. An dat neit Wierk weist, datt d’Band d’Live-Abstinenz wärend Corona net ongenotzt gelooss huet. Bei der neister Abstract-Scheif handelt sech ëm eng vun de konsequentsten an iwwerzeegendste Placken an der Diskografie vun der Band.

D’Quintett trëtt um neien Album am Géigesaz zum Virgänger “Hollow Motion” (2018) an engem onverännerte Line-up un, wat sech an engem extrem homogene Sound néierschléit. Wann een op “Hollow Motion” nach liicht de Line-Up Wiessel vun 2014 gemierkt huet (Den Alex Carre hat de Yogy op der Gittar ersat, de Maksym Tomczyk de Stephen Elkington um Bass), sëtzt op Ascension elo alles nach méi präzis: d’Riffer si vum Opener “Tower Of Betrayal” u kompromësslos intensiv a gräife perfekt aneneen, de Songwriting ass dynamesch an ofwiesslungsräich, d’Arrangementer sinn duerchduecht, d’Soloe mol bluesesch a geschmackvoll, mol sophistiquéiert, virtuos an deels ausserierdesch verréckt! Zu gudder Lescht ginn d’Songs duerch d’Produktioun vum Patrick Damiani vun den Tidalwave Studios zu Karlsruhe mat Fokus op Kloerheet a Punch ënnerstrach. Déi zéng Tracks stellen domat ouni Zweifel dat stäerkst Material zanter dem Debut “Democadencia” (2008) duer, wann net esouguer dat stäerkst Material iwwerhaapt – esouwuel songwrinting-technesch, wéi och wat d’Produktioun ugeet.

Wat op Ascension To Downfall besonnesch erausstécht, ass d’Fäegkeet vun de 5 Metaller, eng grouss Villfalt u musikaleschen Iddien an de Songs ënnerzebréngen, ouni dobäi de Floss ze verléieren. Riff-Wiesselen, Breaks a Stëmmungsvariatioune suerge fir déi erwäänten Dynamik, mä näischt fillt sech iwwerlueden oder gezwongen un. Esouguer déi méi laang Kompositioune bréngen et fäerdeg, den Nolauschterer iwwer hir ganz Längt ze fesselen. Perséinleche Favorit ass an deem Kontext dat méi doomegt a schwéiert “By A Thread”, wat mat knapp iwwer aacht Minutten effektiv och dat längst Lidd um Album ass, mä sech am Laf progressiv weider entwéckelt an och un Tempo gewënnt – an dat ouni eng Hellewull un ënnerschiddleche Riffer ze benotzen, mä sech op just e puer Basis Motiver beschränkt.

D’Gittar-Aarbecht vum Nol an Alex spillt dobäi eng zentral Roll a weist, datt beim Songwriting näischt dem Zoufall iwwerlooss gouf. Gläichzäiteg dréit d’Rhythmus-Sektioun den Album mat enger onermiddlecher Konsequenz. Besonnesch dem Spit seng Drums sinn iwwer déi ganz fofzeg Minutten extrem konstant, präzis a physesch present, a stellt domat een zolidd Fundament, wat wonnerbar vum Bassist Maks matgedroe gëtt, deen dobäi awer och schonn emol mat aneren Nuancë lénks a riets erausstécht.

Och de Gesang weist sech wéi üblech variabel, awer nach méi experimentéier-freedeg wéi an der Vergaangenheet. Nieft der Intensitéit an de mat-rappende Vocal-Melodien, déi ee vum Frontmann Drittt gewinnt ass, gëtt et dës Kéier och nei Akzenter, wéi z. B. de Refrain mat Harmonien am Track “Utter Mutation”. Ausserdeem huet zwar net all Song e klassesche Refrain, an awer bleift d’Stëmm duerch clever agesate Gesangslinnen am Kapp an esou dréit dës weiderhin zu der markanter Handschrëft vun der Band bäi.

Am Endeffekt ass den Album esou komplex, dass en nom éischte Lauschtere Loscht mécht, en op Repeat weider ze lauschteren an ëmmer nei Detailer ze entdecken a begeeschtert matgerappt ze ginn. No e puer Duerchleef gëtt engem da séier kloer, dass all Kompositioun bis an de leschten Detail perfektionéiert ass, an dass Abstract Rapture mat “Ascension To Downfall” ee brutalen awer stëmmungsvollen Album presentéieren, dee weist, datt d’Band och no iwwer 20 Joer nach ëmmer Relevanz an Drock huet.

Den Album ass elo op alle Plattformen dobaussen.

Linken: Facebook a Bandcamp vun Abstract Rapture

Back to Top
CIM LOGO