

Den lëtzebuergeschen Artist Maale Gars invitéiert op seng Album-Release-Party . Den zweete Projet vum Museker, hannert deem den Thomas Roland stécht baut op sengem eegene Stil op – eng Mëschung aus melancholeschem Elektro-Pop an energeschem Trap. Zënter 2020 verëffentlecht hie reegelméisseg Tracks a konnt sech séier an der lëtzebuergescher Zeen etabléieren. Seng Live-Optrëtter si bekannt fir hir intensiv Atmosphär tëscht Energie an Emotioun, wat hien och schonn op Festivaler wéi dem E-Lake Festival bewisen huet.
Mam Album "Guer Näischt" setzt hien seng musikalesch Rees virun a beschäftegt sech mat Themen, déi trotz Erkenntnis ëmmer nach vill Froen opwerfen. D’Release-Party selwer fënnt den 30. Abrëll an de Rotondes statt. Dobäi gëtt de Maale Gars vun de lokale Support-Acts Jast, Luk a Skuto ënnerstëtzt.

D’Band Next Deed ass zanter hirer Grënnung am Joer 2021 séier zu enger wichteger Stëmm an der alternativer Metal-Zeen ginn. Gegrënnt vum Sue Scarano (Gittar) an dem Lou Metz (Drums), gouf spéider mam Kevin (Gittar), Romain (Bass) an dem Sänger Alain komplettéiert, wat dem Grupp säi markante Sound geformt huet.
No hirer Debüt-EP New Beginnings (2023) huet d’Band 2024 mat The Soldier – Act I en neie Schratt gemaach. Uganks 2025 gouf d’Band awer vun engem schwéiere Verloscht getraff: hire Frontmann Alain ass gestuerwen, eng zentral Figur, déi d’Identitéit vun NEXT DEED staark gepräägt hat. Als Hommage un hie presentéiert d’Band elo hir nei EP The Beloved – Act II, déi de 25. Abrëll an der Rockhal virgestallt gëtt. Fir dëse spezielle Concert sinn och Gaaschtsänger invitéiert.

Mir sinn och op eng Rocklab Session ze schwätze komm. Mam Carisa Dias a Naomi Ayé stinn en Donneschden zwou staark Stëmmen op der Rocklab Bün. D'Carisa Dias, verbënnt Afropop, bossa nova a Soul a vermëttelt Messagen iwwer Léift, Kraaft a Woman Empowerment. D'Naomi Ayé, eng talentéiert Pianistin a Songwriterin, mëscht Pop mat Jazz, a Klassik a schaaft domat en eenzegaartege Sound.
Um Schluss vun der Emissioun hu mir och nach scene.lu präsentéiert.

E Site op dem Kënschtler sech kënnen umellen a kënnen sech sou an der Musekswelt vernetzen. Och eng ganz Partie Evenementer ginn um Site opgelëscht an et weess een ëmmer wat a punkto Concerte lass ass.
Hei dann nach déi ganz Playlëscht vun der Emissioun vum 20. Abrëll 2026: