
Den Internet, dee viru 1995 haaptsächlech ënner Fachleit an an der Fuerschung benotzt gouf, mécht sech an deem Joer op fir déi grouss Mass. Entreprisen dierfen hir Produiten ubidden, déi éischt Online Shopps entstinn, den Internet fänkt u Suen ze verdéngen!

Et ass och de Moment, an deem e jonken Jeff Bezos Amazon grënnt. Seng Iddi war simpel: online Bicher verkafen. Hannendru stécht awer eng grouss Visioun: enges Dags soll een alles kënnen iwwer den Internet bestellen. Deemools deet nach muncher een sech schwéier mat där Iddi: wie keeft schonn eppes, ouni et virdru gesinn ze hunn? Mee dem Bezos seng Wett op d’Bequeemlechkeet vun de Leit geet op. Haut nach gëllt d’Amazon Aktie als eng vun de wäertvollsten am Tech-Beräich. Dat wéinst hiren staarke Wuesstem an de Beräicher Cloud Computing an E-Commerce.
Den Internet, dee viru 1995 haaptsächlech ënner Fachleit an an der Fuerschung benotzt gouf, mécht sech an deem Joer op fir déi grouss Mass.
Laang Schlaange viru Computerbutteker weltwäit. Et ass de 24. August 1995. Wat haut Nostalgie ausléist, war deemools eng kleng Revolutioun: Windows 95. Nei ass de “Start” Knäppchen ënne lénks.

Programmer loosse sech méi einfach bedéngen, d’Fënsteren iwwersiichtlech platzéieren – esouguer Computer Amateure ginn eenz. Mat Windows 95 fënnt Personal Computer op eemol säi Wee an den Alldag vu ganz ville Leit an ass ëmmer manner eng Spillsaach nëmme fir Spezialisten. Microsoft trëfft de Nerv vun der Zäit: Millioune Mënsche kafen hiren éischte PC: Schaffen, Spille, Schreiwen – alles gëtt méi digital. An: Windows 95 bréngt den Internet an d’Stuff vun de Leit. Zwar nach lues a piipseg iwwer Modem, mee den Uschloss un déi grouss nei Welt ass do!
E Cowboy an e Spaceranger schreiwe 1995 Filmgeschicht. Mat Toy Story kënnt deen éischte komplett computeraniméierte Film an de Kino. Bis dohinner ware bei Animatiounsfilmer d’Biller vun Hand gezeechent, bei “Toy Story” entsteet de ganze Film um Computer. Deen een oder aneren ass iwwerrascht datt d’Geschicht ronderem Frëndschaft, Jalousie an Zesummenhalt Kleng a Grouss matrappt an d’Figuren immens lieweg eriwwerkommen.

Hannert all deem stécht d’Firma Pixar. Nodeems de Steve Jobs 1985 bei senger eegener Firma “Apple” als CEO gelantert gi war, huet en d’Joer drop fir 10 Milliounen US-Dollar de Computergrafik Departement vu Lucasfilm kaf, an deen a “Pixar” embenannt. ’91 negociéiert den Jobs en Deal mat Disney: Pixar produzéiert “Toy Story” fir Disney. De Succès ass enorm a leet de Grondsteen fir d’Zukunft: Computeranimatioun gëtt déi Joren drop zum Standard, a Klassiker wéi “Findet Nemo” an “Die Unglaublichen” komme no.
2006 schliisslech keeft Disney Pixar fir 7,4 Milliarden. 10 Joer virdru scho war de Steve Jobs zeréck als CEO bei Apple.
E Cowboy an e Spaceranger schreiwe 1995 Filmgeschicht.