Méi wéi véier Joerzéngte scho gehéiere si zu den erfollegräichste Rockbands am däitschsproochege Raum. Ufank vun den 80er Joren hu sech Campino a co zu Düsseldorf zesumme fonnt a gegrënnt waren Die Toten Hosen.
Elo no méi wéi véier Joerzéngten op der Bün schléisst sech de Krees. Si soen Äddi, ganz klassesch op hir Aart a Weis. Mam Titel vun der Tournée gi si deemno eng leschten Tournée: "Trink aus! Wir müssen gehen!"
E Sonndeg an e Méindeg hu se an der Rockhal zwee ausverkaafte Concerte gespillt.