"Coward's Heart"Lëtzebuerger Musekerin Catherine Elsen iwwert hiren Debutalbum

Claudia Kollwelter
"Coward's Heart", esou heescht den Debutalbum vun der Lëtzebuerger Kënschtlerin Catherine Elsen – e Projet, deen awer iwwert dat réng musikalescht eraus geet.

Theater a Performance sinn am Fong déi Domainer, an deenen d'Catherine Elsen sech wuel spiert an zanter Jore schafft. De Wonsch, Musek ze maachen, ass awer och scho laang do.

Dofir huet d'Kënschtlerin decidéiert, d'Lidder wéi eng Zort Soundtrack ze konzipéieren: "Well ech jo oft e bëssen experimentéiert hu mat Sound an Theaterstécker, mee ech hat ëmmer d'Gefill, datt ech gären eng Kéier meng musikalesch Iddien an een Objet quasi zesummebrénge wéilt. Wat hunn all déi Lidder oder all déi Iddie gemeinsam, kann ech doraus och eng Geschicht erzielen, an dat huet mer einfach gutt gedoen, dat alles beieneen ze bréngen."

D'Catherine Elsen zielt an néng Tracks eng Geschicht, eng perséinlech, an zwar déi vun hirem Häerz.

Hannergrond si gesondheetlech Problemer: "Näischt ganz Schlëmmes. Mee mam Häerz eeben, wou ech gemierkt hunn: do wëll ee mer eppes soen. An dofir ass d'Häerz och wierklech e Charakter am Stéck. Also et gëtt ee Lidd och, dat heescht: 'Coward's Heart' an do schwätzt wierklech d'Häerz. Dat ass wierklech eng Personifikatioun!"

Wisou den Titel "Coward's heart"?

"Well ech vill doriwwer nogeduecht hunn, dass mer am Fong esou Mikro-Momenter hunn am Liewen, wou mer decidéieren, maachen ech elo de Bak op, maachen ech eppes oder maachen ech et net, fir einfach de Status Quo ze behalen. Mir liewen alt an enger Zäit, wou mer do gefuerdert ginn dofir, alleguerten, sief et wéi um politeschen, um perséinleche Plang oder mat eis selwer, mat eiser Gesondheet."

Nieft den Texter vum Catherine Elsen – op Englesch, Franséisch oder Lëtzebuergesch – fënnt een eng ganz Panoplie un Téin aus der Natur oder vun Déieren: "Ech hunn déi Lieder op verschiddene Reese quasi gemaach. Ech hu Sounds opgeholl, Field Recordings a verschiddene Länner, wou ech gereest sinn. A Costa Rica an de Pyrenäen an och zu Lëtzebuerg am Bësch. Dat heescht, dat ass scho quasi déi Rees, déi ee mat mer geet an och déi Entwécklung emotional an deene verschidde Lidder."

Den Album ass an Zesummenaarbecht mam Museker a Produzent Arker entstanen an ass awer och verlinkt un eng Show, eng Performance.

A Kollaboratioun mam Renelde Pierlot, dem Gilles Seyler an dem Michèle Tonteling huet de Projet Form ugeholl: "Ech mengen, wann een d'Show bis gesäit, da versteet een nach méi firwat dat do Lidd, wat dat nach 'beyond music' bedeit. Well bei der Musek muss ee jo net ëmmer just Lyrics verstoen. Dat ass dann oft d'Sensatioun vun der Musek oder d'Stëmmung, déi duergeet. Ech menge wann een et dann an der Show gesäit, da mécht et nach eng Kéier méi Sënn oder anescht Sënn"

Bis elo konnt een d'Show zu Moers am Schlosstheater gesinn, wou d'Catherine Elsen zanter engem knappe Joer Member vum Ensembel ass. D'Zil ass et awer och, international mat der Show ze touren.

Den Album existéiert awer natierlech och ouni d'Show. D'Kënschtlerin Sophie Lécuyer huet eng limitéiert Zort "Booklet" mat Illustratioune kreéiert, op där och de QR Code fir d'Musek ze fannen ass.

Back to Top
CIM LOGO