
An engem knappe Mount ginn et 30 Joer, dass d'Single "Virtual Insanity" vun Jamiroquai erauskomm ass. D'Lidd war 1996 en internationalen Hit a gehéiert haut nach ëmmer zum Repertoire op de Concerte vun der brittescher Funk- an Acid-Jazz-Band, wéi ee viru kuerzem bei hirem Optrëtt hei zu Lëtzebuerg feststelle konnt.
Genee sou bekannt wéi d'Lidd ass och de Videoclip dozou, an deem de Sänger Jay Kay an engem Raum op engem Buedem danzt, dee sech mat de Miwwelen dauernd beweegt, wärend de Raum stëll steet. A Wierklechkeet war et awer genee ëmgedréint gewiescht. Bei der Produktioun waren d'Wänn an d'Miwwele beweeglech, net awer de Buedem. De remarkabele Video, fir dee keng Computertricken néideg waren, hat duerno ënnert anerem 4 MTV Video Music Awards gewonnen.
Fir de Lancement vun engem alkoholfräien Gin ass elo eng adaptéiert Versioun vum faméise Videoclip gedréint ginn. Gläichzäiteg gëtt domat den 30. Anniversaire vum Kultsong gefeiert. Den Jay Kay danzt wéi zu beschten Zäiten duerch allerlee Zeenen an deet och verschiddener vu senge bekannten Hitt un. Um Enn kann hien an dëser neier Versioun de scheinbar endlose Raum och verloossen.