Techno-Duo NETTY HUGO op der Tomorrowland"Mir si mega dankbar, op esou engem Festival ze spillen"

Bob Konsbruck
Schonn iwwer 20 Joer maachen de Mark Netty an Hugo HP Techno. No sëllegen Optrëtter am In- an Ausland ass et elo de grousse Moment zu Boom an der Belsch.
© Daniel Günther

E Sonndeg de 26. Juli vun 13:30 bis 15:00 Auer ass den Duo NETTY HUGO op der Bün CAGE am Asaz. Am Virfeld wollte mir wëssen, wéi ee sech op sou ee Festival preparéiert. De Mark Netty sot: "Also e bësse Sport, muss ech ganz éierlech soen, an deene waarmen Deeg. Gutt Ernärung an, wéi soll ech soen, vill Musek lauschteren, eis wierklech fixéieren, fir de quasi perfekte Set ze spillen dohannen, dofir hu mer eis wierklech e bësse Kappzerbrieches gemaach. Natierlech bleift eis Musek ëmmer d'selwecht, also Netty Hugo Sound, mee mir hunn eis wierklech Gedanke gemaach. An dat maache mer selten a fir de Rescht, mengen ech, rappe mer do gutt of."

Op d'Fro hin, ob een da mierkt, ob sech d'Tomorrowland-Communautéit bemierkbar mécht, äntwert de Mark: "Gëschter krut ech geschriwwen vun engem Kolleeg, deen ech scho ganz, ganz laang kennen, an deen huet gefrot, 'Jongen, kënne mer keng Netty Hugo oder, jo, Netty Hugo T-Shirte bestellen iergendwou, well mir kommen Iech e Sonndesupporten?' Sot ech, 'leider ass dat net, also komme mer um Moment, mir selwer hu keng T-Shirte méi.' Dunn hunn ech en dem de Logo geschéckt a lo dréckt en den T -Shirt selwer. Dat ass schonn e bësse cool."

Hu sech da scho vill Leit ugemellt, fir e Sonnden dobäi ze sinn: "Also ech weess scho vu Leit, déi mer scho geschriwwen hunn, souguer Leit aus der Famill an esou, déi mer scho geschriwwen hunn, 'mir sinn do mam Fändel.' Ech fannen dat cool. Voilà, ech mengen mir selwer huelen och de Fändel mat."

Fir de Mark Netty ass en Optrëtt op der Tomorrowland net selbstverständlech: "Ma jo, mir si mega dankbar, op esou engem Festival ze spillen. Also et ass wierklech e grousse Kino. Voilà, ech mengen och, vill wéi hei am Land, grousse Respekt un alleguerten d'Medien, déi eis esou gutt ënnerstëtzt hunn. Ech fannen dat wierklech mega cool. Well, ech soen et nach eng Kéier, mir si schonn eng spezifesch Musek, wat mir maachen am Techno. Also mir maache richtegen Techno, souzesoen."

An hei nach e klengen Opruff vum Mark: "Kommt alleguerten op den Tomorrowland, fir déi, déi kënne kommen, well et ass jo ee Festival, dee relativ séier sold out ass. Ech mengen, a 24 Stonne war et en zwee Deeg sold out. Voilà. A mir si prett op Iech. Mir géifen eis mega freeën, Iech alleguerten ze gesinn."

A sollt Dir keen Ticket fir den Tomorrowland kritt hunn, Dir kënnt NETTY HUGO dëst Joer um E-Lake gesinn, wéi gewinnt den 2. Weekend am August an am September ass den Duo dann och mam Schëff op der Musel ënnerwee.

Back to Top
CIM LOGO