Wat am Summer 1983 als "Summerfest um Séi" mat e puer honnert Visiteuren ugefaangen huet, ass mëttlerweil weit iwwert eis Grenzen eraus als e-lake-Festival bekannt. Bis Mëtt den 90er Jore blouf dëst "Summerfest um Séi" méi oder manner erfollegräich. 1995 war Schluss. D'Konkurrenz war deen Ament mat anere lokale Fester ze grouss ginn.
Ënnert engem neie Konzept ass am Summer 1996 d'"Open Air Party" entstanen. Et ass e Festival vu Jonker fir Jonker a virun allem ass den Entrée gratis. Joer fir Joer kommen um zweeten Augustweekend iwwer 20.000 Leit op den e-lake-Festival.
Headliner ware scho Polarkreis 18, d'Sportfreunde Stiller, Seeed oder de Paul van Dyk.
Dëse Weekend ass och nees vill lass. Ronderëm den Iechternacher Séi. Am beschten et profitéiert ee vun de Busnavetten. Méi Informatioune kritt een op e-lake.lu.