Rekord gebrachTaylor Swift krut 33. MTV Video Music Award

RTL mat AFP
An enger Zeremonie, déi ënnert anerem der verstuerwener Dolly Parton dediéiert war, huet d'Taylor Swift der Beyoncé Knowles hiren ale Rekord gebrach.
Taylor Swift krut 33. MTV Video Music Award
Zu Los Angeles sinn d'MTV Awards iwwerreecht ginn. Ënnert de Gewënner waren nieft dem Taylor Swift och d'Madonna an Nirvana.

D'Taylor Swift ass e Sonndeg mat 3 MTV Video Music Awards ausgezeechent ginn, ënnert anerem mam Präis fir de Video vum Joer. Domat huet si der 3 méi um Kont wéi d'Beyoncé Knowles an ass elo déi Artistin, déi am dacksten e "Moon Man" iwwerreecht kritt huet. Den Award fir bescht Regie an den neie Präis "Artist Director Honors" goungen och un d'Swift.

An enger vun hire Rieden huet d'Sängerin un déi rezent verstuerwen Dolly Parton erënnert. Ausserdeem huet d'Taylor Swift och nach de Video vun hirer neier Single "Patient Zero" presentéiert, an deem d'Hollywoodstare Colin Farrell an Dakota Johnson matspillen.

Den Award fir d'Artistin vum Joer war dogéint fir d'Madonna, déi am Ganzen 13 Mol nominéiert war an um Enn 7 Präisser krut. Weider ausgezeechent gi sinn d'Sienna Spiro, d'Lisa, BTS an d'Ariana Grande. Nirvana hu fir hiert Liewenswierk de "Video Vanguard Award" iwwerreecht kritt.

Animéiert war d'Soirée zu Los Angeles vum Snoop Dogg. Nieft der Dolly Parton ass och vun enger Rei Artisten, wéi dem Teddy Swims an dem Raye, dem George Michael geduecht ginn, deem säi Soloalbum "Faith" viru 40 Joer erauskomm war.

Back to Top
CIM LOGO