Etüd iwwer Musek um SteierSuergen nei Albume vun Toppstare fir méi Accidenter?

Tom Nols
Wann an den USA nei Albumen erauskommen, stierwe méi Leit op de Stroossen. Eng Etüd versicht erauszefannen, ob a wéi een Zesummenhang et tëscht deene Fakte gëtt.
Méi Accidenter duerch nei Musek vum Taylor Swift?
© SUZANNE CORDEIRO AFP

Suergen d'Taylor Swift an aner Stare fir méi Doudeger am Stroosseverkéier? Op den éischte Bléck wierkt déi Thees skurril. Fuerscher, ënnert anerem vun der Harvard Medical School zu Boston, halen dat awer fir méiglech. Et ass festgestallt ginn, dass an den USA op deenen Deeg, op deenen nei Albume vu populäre Stare verëffentlecht ginn, méi Mënsche bei Verkéiersaccidenter ëm d'Liewe kommen.

Et kéint also en Zesummenhang ginn tëscht Musek-Streaming via Smartphone, Oflenkung beim Fueren an Zuele vu Verkéiersdoudegen. En direkte kausalen Zesummenhang kéint allerdéngs net nogewise ginn, sou d'Fuerscher. Op Release-Deeg vu wichtegen Albume wiere 15 Prozent méi déidlech Accidenter ze verzeechne gewiescht wéi an den 10 Deeg virdrun an dono. D'Streame vu Musek hätt op esou Deeg generell ëm ronn 43 Prozent zougeluecht.

Keng Grondlag fir konkret Viraussoen

An der Etüd louch de Fokus op deenen 10 neien Albumen, déi an de leschte Jore bannent engem Dag am meeschte gestreamt gi sinn op Spotify. Dozou gehéiere Placke vun Taylor Swift, Drake, Bad Bunny a Kendrick Lamar. D'Team betount, dass sech aus deem Zesummenhang net eendeiteg géing beweise loossen, dass d'Streame vun neier Musek tatsächlech méi en héije Risiko am Stroosseverkéier géing bedéngen. Et ass net bekannt gemaach ginn, ob déi konkret Affer déi jeeweileg Albume gelauschtert hunn oder net.

Et kéinten also och aner Facteuren eng Roll spillen. Trotzdeem schéngt et plausibel, dass d'Auswiele vu Musek-Contenue wärend dem Fueren eng Aktivitéit wier, déi vum Stroosseverkéier oflenke kann. Donieft hätten aner Etüde bewisen, dass eleng schonn d'Lauschtere vu Musek fir manner Opmierksamkeet suerge kann. Fuerscher, déi déi rezent Aarbecht vu Boston kommentéiert hunn, kritiséieren, dass d'Resultater net gëeegent wieren, fir virauszesoen, a wéi engem Mooss en erwaarte populären Album de Risk, en Accident ze hunn, erhéicht.

Back to Top
CIM LOGO