No siwe Matcher gouf et fir den Ofsteiger aus der Ligue 1 ënnert dem Lëtzebuerger Cheftrainer Luc Holtz just zwou Victoiren. Donieft huet Metz véier Mol gläich gespillt an eng Partie verluer. An der Tabell steet Metz aktuell mat 10 Punkten op der 5. Plaz, mat engem Réckstand vu sechs Punkten op den Éischte St. Etienne.

Ronn dräi Méint souz de Luc Holtz op der Bänk vum FC Metz, éier dës Aventure eriwwer war. Fir de Veräin ass d'Missioun kloer: Zeréck an déi héchste franséisch Liga. Déi Verantwortlech hu mat dësem Schratt wuel op den holperege Start an d'Saison reagéiert. De Kontrakt vum Lëtzebuerger sollt u sech nach bis den 30. Juni 2028 lafen.
Den FC Metz huet d'Decisioun dann och e Méindeg am Nomëtteg nach emol offiziell an engem Schreiwes matgedeelt: Béid Säiten hätten a béidsäitegem Averständnis de Kontrakt opgeléist. Och dem Luc Holtz säin Assistenztrainer Mario Mutsch gouf vu sengen Aufgabe fräigestallt.
De Communiqué vum FC Metz fannt Dir hei.
Säin aneren Assistenzcoach, de Yannick Kakoko, wäert a senger Funktioun bleiwen an och den Training vun e Méindeg leeden.
Op Fansäite vum FC Metz war schonn d'Rumeur ronderëm gaangen, datt de Grégory Proment kéint de Successeur vum Luc Holtz kéint ginn. Dat huet de Veräin da kuerz duerno och bestätegt: De Proment géing Enn der Woch ukommen. Hie war vun 1995 bis 2006 a vun 2012 bis 2013 selwer Spiller vu Metz an hat vun 2018 bis 2021 och d'zweet Ekipp trainéiert. Lescht Saison souz hien dann och op der Trainerbänk vu Clermont an huet domadder schonn Erfarung an der Ligue 2 gesammelt.
Enn August réischt hat de Grégory Proment als Direkter vun engem Formatiounszenter fir déi marokkanesch Futtballfederatioun ënnerschriwwen.