Beim Post History T'Our wandert een duerch historesch Zeenen a léiert d'Geschicht ronderëm déi eenzeg Postreider Statioun zu Aasselbuer kennen.

Wat dreift den Duchhändler Martin Tissus op der historescher Postroute zu Aasselbuer? Gëtt den energeschen Aasselbuerer Postmeeschter Franz Kleffer wierklech verurteelt? Wéi eng Roll spillen den experimentéierte Postreider Postfränz an aner Zäitgenosse ronderëm de Relais vun Aasselbuer?

Summer-Agenda: Post History T’OUR

Froen iwwer Froen... D'Äntwerten an déi ganz Geschicht ginn et um Post History T'Our zu Aasselbuer, deen direkt e puer Mol am August organiséiert gëtt. Dat de 6., 15. an 20. August ëmmer Nomëttes um 15 Auer.

Dat Ganzt ass op Initiativ vu 5 Guidë vum regionalen Tourismusverband Éislek zesumme mam Naturpark Our entstanen. Ee vun dëse Guiden an och Personnage an der Geschicht ass d'Jeannette Bechthold. Si erkläert, wat een hei genee erwaart:

"De Post History T'Our ass eng geféiert Wanderung an historesch Zeenen a féiert duerch d'Geschicht vum 16. Joerhonnert ronderëm den Aasselbuerer Post Relais. Aasselbuer war nämlech deemools déi eenzeg Postreider Statioun hei am Land a louch als Relais Statioun tëscht dem däitschen Arzfeld an dem belsche Mischamps. An d'Leit begéinen Zäitzeien aus där Zäit an erliewe spannend, awer och lëschteg Momenter aus dem Alldag vun engem Postreider vu viru 500 Joer. Eng Wanderung fir Grouss a Kleng an enger wonnerschéiner Natur."

E ganz besonneschen Highlight ass awer sécherlech d'Nuetswanderung, déi den 13. August organiséiert gëtt:

"Déi Nuetswanderung ass vun 18 bis ongeféier 21 Auer, vläicht och e bëssi méi laang well nuets geet een net sou schnell. Dat ass vläicht och e bëssi méi spannend, well et méi däischter ass an een alles anescht wouerhëlt."

D'Wanderung dauert ongeféier 3 Stonnen:

"Et ass en Tour vu 5 Kilometer an de Schwieregkeetsgrad ass einfach bis mëttelschwéier. Et soll ee fest Schongwierk an dem Wieder ugepasste Kleedung undoen."

A fir d'Nuetswanderung soll een och eng kleng Täscheluucht apaken. Den Tour adresséiert sech u jiddereen. Allerdéngs sollt een nach gutt ze Fouss sinn a weder an der Poussette nach am Rollstull sëtzen.

Umelle kann ee sech ëmmer jeeweils bis 2 Deeg virum Datum vun der Wanderung Site vu Visit Éislek.

All Dag plécke mir fir Iech een Event oder eng Aktivitéit eraus:

Den Tipp vun e Méindeg: Maislabyrinth vum Park Sënnesräich

Den Tipp vun en Dënschdeg: Congés annulés an de Rotondes

Den Tipp vun e Mëttwoch: 24 Stonne Vëlo Wëntger

Den Tipp vun en Donneschdeg:Keramik-Workshop zu Stengefort