Summerdream, sou den Numm vun engem Festival fir d'ganz Famill zu Stengefort, deen dëse Samschdeg seng 2. Editioun feiert.

Workshoppen, Liesungen, Theaterstécker, Animatioune fir Kanner souwéi Iessen a Gedrénks an dat bei gudder Musek. U sech alles, wat ee sou brauch, fir en entspaanten Dag ze verbréngen.

Summer-Agenda: 2. Editioun vum Summerdream Festival

A genee dat ass de Grondgedanke vun dësem Festival: De Famillen, déi am Summer hei zu Lëtzebuerg sinn, eng Méiglechkeet ze bidden, fir zesumme mat hire Kanner e puer flott Stonnen ze verbréngen. Organiséiert vun der Kultur Stengefort Asbl zesumme mat der Gemeng Stengefort mécht de Summerdream seng Dieren e Samschdeg um 17 Auer fir de Public op. De Charel Meder, Coordinateur général vum Festival:

"Mir hunn e ganz flotte Site, beim Mirador ass dat hei zu Stengefort, uewerhalb vun der aler Schmelz ass dat. Wou een am Fong geholl op Entdeckungsrees ka goen. Dat heescht mir hunn 12 verschidde Stages. Et kann ee mat de Kanner Bull spille goen, et kann een och direkt um 17 Auer an den Theater goen. Op där anerer Säit vum Site fänke mer u mat Liesungen, dann hu mir déi 2 Bünen op deenen direkt gespillt gëtt ab 17 Auer an dat geet bis kuerz no Mëtternuecht."

Musikalesch gesinn, ass de Programm dann och gutt gefëllt. De Marc Lanners, Booker vum Festival:

"Mir hunn 2 Bünen, dat eent ass eis Waggonsbün, dat ass ganz flott op engem alen CFL-Waggon, an do hu mer haaptsächlech Sing- a Songwriter, déi do eleng oder zu 2 optriede mat akustescher Gittar oder sou. Zum Schluss hu mir awer och nach e Rapper dobäi, wat en Novum ass, dat hate mer lescht Joer nach net. An dann hu mer déi grouss Bün, dat ass eis Skatepark-Bün."

Ervir ze hiewen, sinn dann och nach direkt 2 Theaterstécker fir Kanner, déi allen zwee aus der Fieder vum Anja Di Bartolomeo stamen:

"Mir hunn e Stéck fir déi ganz Kleng vun 3 bis 5 Joer, dat heescht "Dee klenge Stär", dat ass ganz léif, ganz süss awer och ganz spannend a witzeg. Et ass e mega coolen Elf dobäi, deen nëmme Quatsch mécht, ech mengen d'Kanner wäerten dat immens cool fannen. An dann d'Stéck fir déi méi Grouss ass och immens spannend an och erëm witzeg, dat spillt awer e bëssi méi spéit am Bësch, wann et schonn däischter ass. Dat dann och nees wéi d'lescht Joer mat Liichtinstallatioune vun "Aktikulti", mat deene mir ëmmer nees ganz gären zesumme schaffen."

Well d'Plaze fir d'Theaterstécker limitéiert sinn, muss ee sech virdrun, also eng hallef Stonn virun enger Representatioun, en Ticket sur Place siche goen.

Den Entrée fir de Summerdream Festival ass iwwregens gratis. All d'Informatioune fannt Dir um Site vum Summerdream Festival.

All Dag plécke mir fir Iech een Event oder eng Aktivitéit eraus:

Den Tipp vun e Méindeg: Shinrin yoku - Waldbaden mat engem Bëschguide

Den Tipp vun en Dënschdeg:"To bee or not to bee" zu Biekerech

Den Tipp vun e Mëttwoch:Performance-Brunch "Patati Patata"

Den Tipp vun en Donneschdeg:Post History T'Our Night Edition