Guidéiert Wanderung Esch-Sauer a Visitt vun der Duchfabrik

Waart Dir scho mol eng Kéier an der Duchfabrik zu Esch-Sauer? A kennt Dir eigentlech d'Geschicht vun dësem charmanten Duerf?
Wann net, da sollt Dir Iech eisen Tipp am Summer-Agenda vun e Sonndeg net entgoe loossen.
Nach bis den 31. August proposéiert den Naturpark Öewersauer de Summer iwwer nämlech all Donneschdeg am Nomëtteg eng guidéiert Wanderung duerch Esch-Sauer mat Visitt vun der Duchfabrik. D'Danielle Glodé, Guide beim ORT Éislek erkläert wéi dës Wanderung oflafe wäert:
"De Visiteur kënnt bei d'Duchfabrik, do ass de Rendez-vous um 14.30 Auer. Da gi mer duerch d'Duchfabrik, wou een erkläert kritt wéi de Wollwiewer am 18. an 19. Joerhonnert zu Esch-Sauer geschafft huet. No enger 3/4 Stonn gi mir dann eraus. Da kucke mer och nach Esch-Sauer, wou dann eng Wanderung mat dran agebaut ass, dat heescht 3/4 bis 1 Stonn. Mir ginn dann duerch Esch-Sauer, de Pad erop a vill Trapen erof, dat eis dann erméiglecht eng wonnerbar Vue vun Esch-Sauer an der Buerg ze hunn. Mir ginn och an d'Buerg eran, wou een dann och Geschichtleches erkläert kritt."
Esch-Sauer ass effektiv eng flott Uertschaft mat ville klenge Gaassen, déi een net gesäit, wann een net ze Fouss doduerch geet. Dat ass ee vun de Grënn firwat een onbedéngt emol eng Kéier sollt do Halt maachen:
"Och vun der Natur hier ass et ganz schéin, et kann een och nach zousätzlech Wanderweeër an där flotter Regioun erklären a matdeele wou een nach ka spadséiere goen. Also Esch-Sauer ass schonn derwäert kucken ze goen, och wéinst dem Stau, well de Stau huet och dat Duerf Esch-Sauer immens verännert. Do virdrun ass d'Sauer einfach fräi gelaf komm an elo gëtt se gereegelt."
A wann een da schonn zu Esch-Sauer ass, da kann een och bis weider op de Stau kucke goen, wou een dann och nach vun den Aktivitéite profitéiere kann, déi do um Waasser lafen.
Umelle fir dës guidéiert Wanderung kënnt Dir Iech beim Naturpark Öewersauer. Et sollt een dann och ongeféier 2 Stonne fir dat Ganzt aplangen.
All Dag plécke mir fir Iech een Event oder eng Aktivitéit eraus:
Den Tipp vun e Méindeg: 2. Hallschent vum Festival "Congé Annulés"
Den Tipp vun en Dënschdeg:Visitt vum Waasserreservoir "Rebierg"
Den Tipp vun e Mëttwoch:1. Editioun vum KOLLA X MERSCH
Den Tipp vun en Donneschdeg:16. Däitsch-Lëtzebuerger Wäinhappening
Den Tipp vun e Freideg:1. Open Air Meechtem
Den Tipp vun e Samschdeg: Kaumahan Festival zu Hitten