Kaumahan Festival zu Hitten
Dëse Weekend organiséiert d'Asbl "Aide Philippines" zesumme mat der "ALAL" déi scho mëttlerweil 3. Editioun vum Kaumahan Festival an dat zu Hitten.
Duerch dësen Charity Event finanzéiert d'Asbl Iesswueren, medezinescht Material a soss nach dringend noutwenneg Saachen fir déi Regiounen op de Philippinnen, déi staark vun den Taifune betraff waren a sinn. Donieft bauen a renovéiere si och Haiser, déi ënnert anerem duerch de Supertaifun Haiyan zerstéiert goufen.
E Samschdeg an e Sonndeg stinn dann op dësem Festival eng Partie Aktivitéiten um Programm. Olivier Conrardy, President vun der Asbl "Aide Philippines":
"Dat geet un e Samschdeg fir d'Mëttegiessen. Am Nomëtteg maache mir mat enger anerer philippinnescher Organisatioun zesumme Karaoke an dann owes hu mer "Mockingbirds and friends", dat si ronn 13 Museker, déi sech zesummen treffen hei bei eis, fir ofwiesselend live Musek ze spillen. Dat geet bis an d'Nuecht eran."
E Sonndeg de Moie fänkt den Dag mat enger klenger Mass an der Kapell un.
"An da geet et weider mat den "Alphornbléiser" um hallwer 12 mat engem Concert Apéro, am Nomëtteg hu muer de "Jos Pletschet and friends" fir Countrymusek an owes ab 18 Auer gëtt e Ballon preparéiert, deen, wann d'Wiederkonditiounen et dann erlaben, hei vum Site aus ka starten."
Ma och e Repair-Café gëtt et hei vu 15 Auer un. Animatioun fir d'Kanner ass natierlech och virgesinn. Komme mer awer nach eng Kéier zréck bei d'Iesse wat hei ugebuede gëtt:
"Als Spezialitéit hu mir philippinnescht Iessen: Dat geet iwwer Loempias, Empenadas iwwert "fried rice" a sou weider, mir hunn och e ganz gudde Burger an och lëtzebuergescht Iesse wat mir zerwéieren an dann natierlech och eis üblech selwer gemaachen Ice Tea a Lëtzebuerger Soft Drinks."
Fir op de Festival ze kommen, ginn et direkt e puer Méiglechkeeten:
"Natierlech kënnt een och op de Kaumahan Festival mam ëffentlechen Transport. Et ass d'Linn 933, déi geet direkt laanscht eise Site, also et ass d'Méiglechkeet fir mam Bus ze kommen an et kann ee selbstverständlech och mam Vëlo kommen. Et ass eng Vëlospist déi bal laanscht eise Site geet."
Et sinn awer och 2 Parkinge virgesi fir déi Leit déi mam Auto kommen.
Wann Dir e Samschdeg oder e Sonndeg nach näischt virhutt, da gitt bis dohinner luussen an ënnerstëtzt déi Leit, déi vill Kraaft an Energie doranner stieche fir aneren ze hëllefen.
Weider Informatioune fannt Dir um offiziellen Internetsite.
All Dag plécke mir fir Iech een Event oder eng Aktivitéit eraus:
Den Tipp vun e Méindeg: 2. Hallschent vum Festival "Congé Annulés"
Den Tipp vun en Dënschdeg:Visitt vum Waasserreservoir "Rebierg"
Den Tipp vun e Mëttwoch:1. Editioun vum KOLLA X MERSCH
Den Tipp vun en Donneschdeg:16. Däitsch-Lëtzebuerger Wäinhappening
Den Tipp vun e Freideg:1. Open Air Meechtem