D'Geschicht vum Grand-Duché a Form vun ale Lidder erzielen
Lidder iwwer sozial Mëssstänn, d'Emanzipatioun vun de Fraen, den Antiklerikalismus, ma och Aarbechter-Lidder an Lidder géint d'Nazien an d'Maulkuerfgesetz.
Wien hätt geduecht, dass et sou vill Lidder op Lëtzebuergesch gëtt, déi net just d'Geschicht vum Grand-Duché erzielen, ma och eng Siicht an d'Gedanke vun den ganz einfache Leit ginn?
E Mëttwoch den Owend ass am Kasemattentheater zu Bouneweg d'Première vun dëser musikalesch-politescher Rees duerch d'Lëtzebuerger Geschicht an dat mam Eugénie Anselin, Jean Bermes, Georges Urwald, Elisabet Johannesdottir an dem Natasa Grujovic.
De Projet ass entstanen, wéi sech den Dramaturg Marc Limpach an de Museker Georges Urwald beienee gesat hunn, fir ze kucken, ob een déi politesch Geschicht vu Lëtzebuerg duerch Lidder kéint erzielen. D'Lidder wäre viru laanger Zäit am Vollek entstanen, ënner bestëmmte geschichtleche Situatiounen an dat géif de ganze Projet esou reizvoll maachen, erkläert de Georges Urwald. Et géif drëm goen, d'Theme vun deemools ënner musikalescher Form elo nees opbléien ze loossen. Schliisslech wären d'Emotioune vun där Zäit bis haut dra konservéiert.

War et net awer eng Iwwerraschung dass souguer Lidder op Lëtzebuergesch iwwer d'spuenesch Republik oder esouguer aus Konzentratiounslager geschriwwen goufen?
Et hätt ee gehofft, datt et esou vill gëtt, sou de Marc Limpach. Zu Lëtzebuerg géif ee ganz dacks mengen, datt et net esou vill Saachen zu engem Sujet géife ginn, géif een dann awer sichen, géif ee ganz vill fannen. Et muss een also just richteg sichen, fir ze fannen. Bei all de Lidder ass op alle Fall, ouni laang ze sichen, d'Thema vun der Fräiheet zentrale Bestanddeel.
D'Lëtzebuerger Fräiheetslidder ginn no e Mëttwoch den Owend nach 3 Mol opgefouert. Déi nächst Opféierung ass de 15. Mäerz am Kasemattentheater, duerno den 21. Mäerz am Kinneksbond zu Mamer an den 31. Mäerz am opderschmelz zu Diddeleng.
Weider Informatiounen: Kasemattentheater