E Mëttwoch huet de Billy Cobham zesumme mam Luxembourg Jazz Orchestra dem Public e memorabelen Owend gebueden.

De Luxembourg Jazz Orchestra trëtt net dacks am Joer op a wann da mat engem Stamm vu Museker, déi eng Garantie fir Qualitéit sinn. All Joer ginn et 2-3 gréisser Concerte mat Invitéen, sou wéi e Mëttwoch den Owend mam Billy Cobham an da ginn et nach 3-4 Concerten nëmme mat der Big Band.

De Gaascht vum Luxembourg Jazz Orchestra zielt weltwäit zu de beschten Drummer an ass zanter méi wéi 7 Joerzéngten aktiv.