Am Kader vun der Serie "Chil at the Pil" war d'Australierin Sarah McKenzie en Donneschdeg den Owend fir e Concert an der Philharmonie.

An de leschten 2 Joer huet sech d'Sarah McKenzie mat hirer mäerchenhafter Stëmm an hirem virtuose Pianospill an der Jazz-Zeen e Numm gemaach. D'Australierin arrangéiert hir Stécker a schreift d'Texter selwer.