Mam neie Festival de 24. Juni am Gronn an der Stad wëll ee Musek a Kultur matenee verbannen.

"Siren's Call" heescht en neie Projet vum Atelier zesumme mam Neimënster. En Dënschdeg gouf de Festival, deen den 24. Juni am Gronn an der Stad wäert sinn, presentéiert. Mat Nimm wéi "Oscar and the wolf", "Francesco Tristano" oder "Ry X" si souwuel lokal an awer och méi bekannt international Artisten dobäi. D'Iddi war e Festival an der Stad ze organiséieren, sou de Michel Welter vum Atelier.

AUDIO: Extrait Michel Welter

Et huet ee sech iwwerluecht, wou een higoe wéilt an do koum een op d'Abtei als déi ideal Plaz, dofir kënnt do d'Haaptbühn och op de Parvis. Donieft geet een dann an de Melusina, wat e formidabele Concertssall ass, mat enger super Ambiance. Déi drëtt Plaz ass d'Kierch St. Jean. Et ass ee beim Atelier enorm frou, datt een och hei Concerte ka spillen, an extra dofir gëtt et och eng ganz speziell Programmatioun.

Op den dräi verschiddene Plaze huet een dann och dräi verschidde Genre vu Musek: Elektro, Indie a Singer-Songwriter. Bei de Gruppe war et wichteg ze kucken, op se eng Aktualitéit hunn, also ass grad oder kënnt gläich en Album eraus.

Et wollt een awer net just Musek maachen, déi zwee aner Standbee sinn d'Konscht am grousse Sënn an dat Kulinarescht, eppes wat Festivalgänger ëmmer wichteg ass, weess de Michel Welter. Grad um Teller wëll een eng Diversitéit ubidden, dowéinst ginn et och Kollaboratiounen mat Restaurateuren aus der Stad a mat Food-Trucks.

D'Leit sollen de Quartier vum Gronn, verschidde Plaze mat verschidden Ambiancen entdecke kënnen. E Konzept, wat et esou nach net gëtt. Dofir schafft ee mat lokale Commercen a mat Baren zesummen, sou datt Leit och e bëssen duerch de Gronn lafen an do nach eppes entdecken.

RTL

De Line-Up vum "Siren's Call" / © RTL Radio Lëtzebuerg / Claudia Kollwelter

Weider wier et awer wichteg, datt de Quartier och an de Festival agebonne gëtt, seet de Max Hochmuth, Member vum Kollektiv Bamhaus.

AUDIO: Sireen's Call / Reportage Claudia Kollwelter

D'Tickete fir de Festival si vum 21. Mäerz un an der Vente a kaschten 48 Euro.