Mat 65 Joer huet de Sting gewisen, dass hien nach ëmmer zu deene Beschte gehéiert.

Welthits wéi "Message In A Bottle","Fields Of Gold "oder "Every Breath You Take" däerfen natierlech op engem typesche Sting-Concert net feelen. An enger einfacher Jeans, bloen T-Shirt huet de Gordon Matthew Thomas Sumner alias Sting e Concert an der Kategorie Weltklass senge Fans an der Minettmetropol presentéiert.

An een Highlight sollt et schonn direkt am Ufank vum Concert ginn. Als Virgrupp waren 2 Nimm op der Affiche ugekënnegt. Als éischte Museker on Stage, war et awer de Sting himself, dee scho mat engem éischtem Lidd säi Publikum op ee flotten Owend virbereede wollt. Duerno koum et dann zu engem Familljentreffen. De Papp stellt säin Jong vir, an deen däerf dann den éischten offiziellen Akt vum Owend spillen. Direkt um Uschloss vum Joe Sumner, deen ouni groussen Zweiwel seng Stemm vum Papp geierft huet, war et un der Formatioun "The last Bandoleros" déi mat hirem Optrëtt d'Rockhal ëmmer méi zum Kache bruecht hunn.

Nächste musikaleschen Héichpunkt vum Owend, sollt dann erëm den Optrëtt vum Sting mat sengem Junior bei dëser flotter Formatioun sinn. An et sollt och erëm de Sting selwer sinn, deen d'Leit an d'Paus geschéckt huet. Gutt 10 Minutte méi spéit war et dann endlech souwäit, den Ex-Police Frontman koum zeréck virun säi Fans, an de Rescht ass Rockhal-Geschicht.

VIDEO: De Sting am RTL-Interview
E Samschden den 1. Abrëll war de Sting an der Escher Rockhal.