Den Exklusiv-Interview mat der Sängerin Mariza

© RTL Radio Lëtzebuerg / Monique Kater
E Freideg war e bësse Portugal an der Philharmonie. Déi 43 Joer al Fado-Sängerin Mariza hat do nämlech een Optrëtt virun engem ausverkaaften Haus.
Si ass feireg, charismatesch a gëllt als eng vun de beschte Fado-Sängerinnen eiser Zäit. E Freideg den Owend hat d’Mariza an der Philharmonie een Optrëtt, virun engem ausverkaaftem Haus. Ënnert de Spectateure ware majoritär Portugisen, déi de Musekssall bal zum Kache bruecht hunn. D’Nadine Gautier an d’Monique Kater hunn nom Concert mat der Sängerin geschwat. Och iwwert déi perséinlech Interpretatioun vum Fado.
Et geet ëm Léift, ëm Melancholie, ëm d'Verlaangeren, ëm Passioun. De Fado, eng traditionell portugisesch Museksrichtung gouf laang Zäit als Museksstil fir méi eeler Leit ofgedunn. Hei trëfft den traditionelle Fado op modern Elementer, mat neie Beats an engem zackege Drum. Eng Mëschung, déi de Stil vum Mariza ausmécht an dee e Freideg d’Auditeure wierklech matgerappt huet.
Et soll een d’Perséinlechkeet vun der Sängerin an der Musek zeréckfannen, fënnt d’Mariza, déi schonn am Alter vu nëmme 5 Joer ugefang huet mat sangen. Si ass zanter Ufank 2000 am Fado dran, huet do immense Succès erlieft a gëtt dacks als, soi disant Successeur vun der Amália Rodrigues gehandelt. Wichteg ass et der Mariza awer, de Lidder hir eege Note ze ginn.
Lëtzebuerg ass net Portugal, och wann hei am Land eng grouss portugisesch Communautéit wunnt. An awer huet sech d’Mariza wéi doheem gefillt. Och well d’Leit vun Häerzen hir Lidder matgesong hunn. Wien d’Atmosphär an der Philharmonie live matkritt huet, huet eng Saach besonnesch gemierkt: Der Mariza ass et wichteg de Publik mat an hir Performance anzebréngen. Zesumme gëtt gesong, zesumme gelidden zesumme gefillt a gekrasch.
A genee sou begeeschtert wéi d’Mariza vum Public war, war deen awer och vun der Sängerin, déi op Mozambique gebuer gouf. D’Sängerin sot och, datt si an annerhallwem Joer wahrscheinlech nees zu Lëtzebuerg wäert sinn. Dee nächste Projet heescht Amor, dat ass dat, wat d’Welt brauch.