Wéinst enger geféierlecher bakterieller Infektioun huet de britesche Popstar Elton John geplangte Concerten zu Las Vegas an a Kalifornien mussen ofsoen.

Wéi et vu sengem Management heescht, wier dee 70 Joer ale Sänger nom Ofschloss vu senger Tournée duerch Latäinamerika, um Wee fir heem schwéier krank ginn. De Kënschtler louch zwee Deeg op der Intensivstatioun. Wéi et heescht, wieren Infektioune vun dëser Zort rar an a verschiddene Fäll déidlech.

Den Elton John ass no engem méi laangen Openthalt am Spidol an Tëscht nees doheem. Et gëtt erwaart, dass hien den 3. Juni fir e Concert zu London awer nees kann op der Bühn stoen. Den 13. Juni ass och e Concert mam Elton John hei zu Lëtzebuerg an der Coque geplangt.