Mat sengem Lidd "Children" gouf de Robert Miles am Joer 1995 zum Star. Elo trauert d’Musekswelt ëm de Kënschtler.

Den DJ Robert Miles ass ass am alter vu 47 Joer no schlëmmer Krankheet gestuerwen. De Miles ass als Roberto Concina an der Schwäiz op d’Welt komm an am Alter vun 10 Joer an Italien emmigréiert.

Säin Hit "Children" huet an Däitschland, Schwäiz, Frankräich, England an anere Länner Platin-Status erreecht a sech iwwer 5 Millioune mol verkaf.