Musek am Syrdall
E klenge Festival feiert schonn 30 Joer
VIDEO: 30 Joer Festival Musek am Syrdall
De leschte Concert war e Sonndeg mat den Amis du Chant
“Musek am Syrdall “ ass e klenge Festival, deen säin 30. Gebuertsdag feiert, mat Concerten a Kierchen, klengen Halen an och Kulturzentren.
Mat Musek am Syrdall gëtt een op d'Ufankszäit vun der musikalesch, kultureller Offer hei am Land erënnert. Dëse Festival bitt allerdéngs besonnesch de jonke Museker eng Plattform, zum Beispill am Concert vun den Amis du Chant, déi Wierker aus dem 20. an 21. Joerhonnert opgefouert hunn, zesumme mam Sven Kiefer um Marimba.
Musek am Syrdall beräichert all Joer dat lëtzebuerger kulturellt Liewen mat 6 klenge Concerten, an dat schonn zanter 30 Joer, an et waert och sou weidergoen.
Am meeschte gelies