E Mëttwoch war den Ofschloss vun der Fête de la musique an der Stad mam traditionellen Open-Air-Optrëtt vum OPL ënnert der Baguette vum Gast Waltzing.

Den Orchestre Philharmonique du Luxembourg huet awer net um Knuedler, mä op der Kinnekswiss gespillt, do, wou eng grouss Bühn opgeriicht gi war. Eng 5.000 Leit waren an de Park komm an hu sech am Sëtzen, am Leien oder am Stoen iwwer d'Wiss verdeelt, fir dem Special Guest, der Jazz-Sängerin China Moses, Duechter vun der bekannter Dee Dee Bridgewater, nozelauschteren. A bal alles huet um Enn gepasst. D'Stëmmung, d'Ambiance, de Concert, d'Plaz, just e puer Gedrénksstänn méi hu bei deem waarmen, duuschterege Wieder gefeelt.

AUDIO: D'Stëmmung op der Kinnekswiss

Duerno waren den Direkter vum LCTO, Tom Bellion, an de Marc Weydert vun der Stad Lëtzebuerg am Kiosk am Radio am Interview an hunn op déi zwou Aussoe reagéiert, dass net genuch Gedrénksstänn do waren an un der Akustik nach misst geschafft ginn ...

AUDIO: Kinnekswiss Ambiance, Begeeschterung a Reaktiounen

Wien de Concert vum OPL mam China Moses verpasst huet, konnt en op Nationalfeierdag op der Tëlee gesinn oder vun elo un am replay op RTL.lu.

VIDEO: Kinnekswiss goes Pops with China Moses, Gast Waltzing & OPL
E Mëttwoch war den Ofschloss vun der Fête de la musique an der Stad mam traditionellen Open-Air-Optrëtt vum OPL ënnert der Baguette vum Gast Waltzing.