De Michael Jackson war fir e Concert um Krakelshaff
20 Joer ass et um Donneschdeg op den Dag hier, dass de "King of Pop" de Wee op Lëtzebuerg fonnt hat. 40.000 Leit huet hien deemools begeeschtert.
Virun allem un de Bulli, dee war omnipräsent um Site vum Krakelshaff nodeems et de ganzen Dag, deels aus Eemere geschott hat. Bulli, deem engem an d'Schong, respektiv, vill Leit ware clever genuch fir Stiwwelen unzedoen, an d'Stiwwele gelaf ass.
Dat huet där grousser Show vum King of Pop, sengem eenzegen Optrëtt zu Lëtzebuerg am Kader vu senger leschter Welttournee, iwwerhaapt net geschuet. Eng Show, déi am Nomëtteg vum 22. Juni 1997 schonn no vir verluecht gi war.
De Responsabele vun der Gemeng Beetebuerg, op där hirem Territoire de Krakelshaff läit ass den Jackson-Concert och an Erënnerung bliwwen. De "King of Pop" hat ganz einfach dat gëllent Buch vu Beetebuerg gehalen, esou den deemolege Buergermeeschter Lucien Lux.
Bis haut huet d'Buch de Wee op Beetebuerg net zeréckfonnt.