E Samschdeg, 29. Juli vu 17 bis 3 Auer steet am Gronn, a Clausen, am Pafendall an an de Kasematte vill gutt gratis Musek um Programm.

De Blues'n Jazz Rallye ass ee vun de beléifste Museksevenementer vum Joer zu Lëtzebuerg a gëtt all Joer am Summer vum Luxembourg City Tourist Office, an Zesummenaarbecht mat der Stad Lëtzebuerg an dem Blues Club Lëtzebuerg organiséiert.

De Blues'n Jazz Rallye invitéiert dann och dëse Samschdeg nees op seng bis ewell 23. Editioun an der Stad, mat 44 Concerten, 200 Museker op 11 verschiddene Bühnen an an de Caféen am Gronn, Clausen, dem Pafendall an an de Bock Kasematten.

Anescht wéi déi Jore virdrun, ass den traditionelle Musek-Rendez-Vous dës Kéier schonn e Freideg den Owend, mat enger offizieller Ouverture, enger Receptioun fir invitéiert Gäscht a Partneren agelaut ginn.

AUDIO: Den Tom Bellion mat Präzisiounen

Wéinst dem Blues'n Jazz Rallye sinn och eng Partie Stroossen an der Stad gespaart. Dowéinst ass d'Offer vum ëffentlechen Transport, notamment mat enger gratis Navette vum Glacis aus, verstäerkt ginn.