50 Musek-Studenten an engem Stage zu Veianen
Et ass mëttlerweil e festen Rendez-Vous am Kulturprogramm vu Veianen: Den "International Music Festival and School".
Mëttlerweil ass et schonn déi 9. Editioun. Bal 50 Musek-Studenten tëscht 13 an 22 Joer kommen hei vum 10. bis den 20. August zesummen, fir mat renomméierte Museks-Proffen aus dem Ausland ze üben an zesummen Concerten ze spillen.
Den Trevor ass ee vun den 47 Musekschüler aus den USA, China, Korea a Canada, déi bis den 20. August zu Veianen an Hoteller wunnen a vu renomméierten Musekdozenten aus dem Ausland encadréiert ginn. D'Schüler finanzéieren de Stage selwer oder mat engem Stipendium. Den Niveau ass héich a bei de leschten 8 Editiounen si scho sou munch Talenter passéiert.
De Reportage vum Sascha Georges